Publique n°791
Pétitionnaire: Gilles Wenner
Fir eng Ënnerstëtzung vum Staat bei der Formatioun zum professionnelle Buschauffeur
But de la pétition
Zil vun dëser Petitioun ass et, eng Ënnerstetzung vum Staat ze kreien fir d'Formatioun zum professionelle Buschauffer, sief et a Form vun engem zousätzleche Congé, sief et a finanzieller Form, fir un dëser noutwendeger Formatioun deelzehuelen.
Motivation de la pétition
Momentan ass d'Situatioun folgend: Nom bestanene prakteschen Exame fir de. Busführerschäin muss een immens laang waarden, fir ee Rendez-vous ze kréie fir d'Formation continue zum professionelle Chauffer, déi et dann eréischt erlaabt, Persounen ze transportéieren. Dëse Cours dauert 4 Wochen a ... plus
Momentan ass d'Situatioun folgend: Nom bestanene prakteschen Exame fir de. Busführerschäin muss een immens laang waarden, fir ee Rendez-vous ze kréie fir d'Formation continue zum professionelle Chauffer, déi et dann eréischt erlaabt, Persounen ze transportéieren. Dëse Cours dauert 4 Wochen a fënnt zu Suessem statt. Fir um Cours kennen deelzehuelen, sinn déi Leit, déi beruffstäteg si forcéiert, 4 Woche Congé ordinaire ze huelen, woubäi mer nëmme 5 Wochen an engem Jor zegutt hunn, oder 4 Woche Congé sans solde ze huelen. Keng vun deenen 2 Méiglechkeeten ass ubruecht. Et wier wenschenswäert, dass een an dem Fall, wou ee 4 Woche Congé sans solde huet, finanziell Ënennerstëtzung vum Staat kritt, well et huet ee jo schliisslech och selwer Onkäschten ze droen, wéi zum Beispill en Haus ze bezuelen, Rechnungen, Iessen an Drénken, an den Deplacement op Suessem, deen a ville Fäll net mam ëffentlechen Transport méiglech ass. Eng Art Congé de formation fir de ganzen Zäitraum ofzedecke wier net verkéiert. ... moins