Publique n°756
Pétitionnaire: Laurent Weisgerber
Petitioun fir d'Flexibiliséierung vun den Ëffnungszäite bei den ëffentleche Servicer
But de la pétition
Zil soll et sinn, d'Ëffnungszäite vun de Gemengen a ministerielle Servicer ze flexibiliséieren. Dëst géif et ville Leit erméiglechen, hir Démarchen, déi viraussetzen, dass ee muss perséinlech dohi goen (oder awer och wëll dohi goen), virun oder no der Aarbecht ze erleedegen. Esou muss ee sech ... plus
Zil soll et sinn, d'Ëffnungszäite vun de Gemengen a ministerielle Servicer ze flexibiliséieren. Dëst géif et ville Leit erméiglechen, hir Démarchen, déi viraussetzen, dass ee muss perséinlech dohi goen (oder awer och wëll dohi goen), virun oder no der Aarbecht ze erleedegen. Esou muss ee sech net ëmmer Congé huelen oder op d'Flexibilitéit vum Patron ugewise sinn.
... moins
Motivation de la pétition
Vill Servicer a Gemengen hunn oft just vun 8 bis 16.30 op, notamment an der Stad. Hei wiere méi flexibel Ëffnungszäite wënschenswäert. Verschidde Servicer sinn esouguer ausschliisslech moies op, wat dat Ganzt nach méi onflexibel mécht. Méiglech Léisunge wieren: Sief et wéi den däitsche ... plus
Vill Servicer a Gemengen hunn oft just vun 8 bis 16.30 op, notamment an der Stad. Hei wiere méi flexibel Ëffnungszäite wënschenswäert. Verschidde Servicer sinn esouguer ausschliisslech moies op, wat dat Ganzt nach méi onflexibel mécht. Méiglech Léisunge wieren: Sief et wéi den däitsche Modell, wou Freides oft schonn ëm 12 Auer Weekend ass, mä dofir Mëttwochs bis 8 Auer owes op ass, oder awer och op zwee Deeg zwou Stonne méi laang. Alternativ kéint ee Büroen och gewëssen Deeg méi spéit opmaachen an dofir méi laang oploossen, oder méi fréi opmaachen a méi fréi zoumaachen déi Deeg. Alles an allem géif dat dem Bierger, deen normal Büroszäite schafft, staark entgéintkommen, an de Service fir de Bierger enorm verbesseren.
... moins