Publique n°739

Pétitionnaire: Christophe Allard

Kompletten zweespuregen Ausbau vun der Zuchstreck Richtung Norden (Ligne 10) an dat bis op Gouvy

But de la pétition

Des Petitioun huet als But déi aktuell Zuchstreck a Richtung Norde komplett Zweegleiseg auszebauen, genau esou wei dat gemaach gouf fir d`Streck iwwer Dippech (Ligne 70) a wei et den Ament och gemaach gëtt fir d`Zuchstreck Richtung Waasserbëlleg (Ligne 30). Ech well heimat erreechen dass déi ... plus

Motivation de la pétition

Et gëtt hei am Land den Ament vill doriwwer diskutéiert, wei a wou mer an Zukunft solle wuessen. Fakt ass, dass vill Leit sech d´Präisser vun engem Logement net méi kenne leeschten an der Géigend vun der Staat Lëtzebuerg oder hiren Alentouren, wat bedeit dass d`Leit sech an de ländleche ... plus

expiré  16.01.2017
527 /4.500
12%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
10.03.2017

La pétition publique n°739 est clôturée, le 10-03-2017

Motivation de la clôture: Pas de poursuite de l'instruction

06.02.2017

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

31.01.2017

Signatures électroniques validées: 527

31.01.2017

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°739, le 31-01-2017 - Nombre de signatures après validation: 527

17.01.2017

La période de signature de la pétition publique n°739 est clôturée, le 17-01-2017 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 531

05.12.2016

La pétition publique n°739 est ouverte à signature, le 05-12-2016

01.12.2016

La pétition publique n°739 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 01-12-2016

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 05-12-2016 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 16-01-2017 à 23h59

29.11.2016

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°739, le 29-11-2016

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

17.11.2016

La pétition publique n°739 est déposée, le 17-11-2016

Intitulé de la pétition: Kompletten zweespuregen Ausbau vun der Zuchstreck Richtung Norden (Ligne 10) an dat bis op Gouvy

 

 

But de la pétition: Des Petitioun huet als But déi aktuell Zuchstreck a Richtung Norde komplett Zweegleiseg auszebauen, genau esou wei dat gemaach gouf fir d`Streck iwwer Dippech (Ligne 70) a wei et den Ament och gemaach gëtt fir d`Zuchstreck Richtung Waasserbëlleg (Ligne 30). Ech well heimat erreechen dass déi néideg Ënnerschrëfte gesammelt gi fir zumindest mol an eiser Chamber ee breeden Debat heiriwwer feieren ze kennen, an natierlech och dass an der Populatioun doriwwer geschwat gëtt.

 

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Et gëtt hei am Land den Ament vill doriwwer diskutéiert, wei a wou mer an Zukunft solle wuessen. Fakt ass, dass vill Leit sech d´Präisser vun engem Logement net méi kenne leeschten an der Géigend vun der Staat Lëtzebuerg oder hiren Alentouren, wat bedeit dass d`Leit sech an de ländleche Géigenden ëmmer méi nidderloossen, an dat zemools am Éisleck. Mir schwätze vill vu Landesplanung, vu Mobilitéit a vun der Zouverlässegkeet vum Ëffentlechen Transport am allgemengen. Dozou gehéiert zu engem groussen Deel natierlech och eisen nationalen Zuchreseau. Et gëtt sech an der Populatioun doriwwer opgereegt dass e sech zum groussen Deel net op d´Pünktlechkeet vum Zuch verloosse kann, wat eng Ursaach dovunner ass, dass eis Zuchstrecken entweder scho saturéiert sinn, oder dass se einfach nach net komplett ausgebaut sinn esou wei een sech dat an engem 21ten Joerhonnert eigentlech géing wënschen. Dorënner fält natierlech zum Haaptdeel eis Nordstreck, Ligne 10! Bei engem Ausbau vun der Nordstreck op 2 Gleiser géing sech net nëmmen d`Pünktlechkeet vun eisen Zich verbesseren, mee als wichtegst Argument och d´Sécherheet op dëser Streck, woubäi mer jo alleguerte wësse wat Konsequenze vun engem eventuellen Zuchaccident kenne sinn... Et muss een net méi op ee verspéiten Zuch waarden, fir deen ze kräizen, fir selwer weider a Richtung Norden oder Süde fueren ze kennen, woubäi bei sou enger Situatioun d`Verspéidunge vun engem Zuch un deen anere weidergereecht ginn...

 

Och am Fall vun enger Panne vun engem Zuch, dee sech dann op engem eegleisege Stéck befënnt, géing net direkt déi ganz Nordstreck brooch leien, mee et kéint een am Fall vun enger Zweegleisegkeet einfach op deem anere Gleis laanschtfueren.

 

Landesplaneresch wär et natierlech och een Atout. Wann nei Betriber sech géingen op anere Platzen nidderloosse wei éiweg nëmmen an der Staat Lëtzebuerg oder hiren Alentouren, géingen sech natierlech och ëmmer méi Leit am Éisleck eng Aarbechtsplaz sichen, an den Trafic, mat deem mer eis den Ament esou rondremploen, géing sech zu engem gewëssen Deel natierlech dann emverlageren amplaz dass jiddereen sech zu de Spëtzenzäiten ëmmer muss an d`Staat quëtschen.

 

Ech sinn einfach der Meenung dass sech Argumenter wei Sécherheet, Pünktlechkeet, Attraktivitéit, Accessibilitéit an Zouverlässegkeet vun eisem Ëffentlechen Transport enorm géinge Verbessere wa mer een zweegleisegen Ausbau vun dëser Streck géingen an Ugrëff huelen.

Wann d´Leit d´Certitude bis hunn, fir sécher a virun allem pünktlech kenne bei hirem Patron unzekommen, da sinn ech der Meenung dass den Zuch als Reckrad vun eisem Transportsytem hei zu Lëtzebuerg den Auto zu engem groussen Deel wäert ofléisen, wei se dat schonn an der Schwäiz Joer fir Joer erfollegräich beweisen.