Publique n°711

Pétitionnaire: Pascal Hansen

Fir e generellt Vermummungsverbuet am ëffentleche Raum

But de la pétition

D’Zil vun der Petitioun ass et, fir dass all Mënsch an Zukunft kann am ëffentleche Raum à première vue identifizéiert ginn. Dowéinst sollen dann (mat Ausnahmeregelunge fir d’Fueszäit resp. fir ähnlech Fester, wou Verkleedungen zu Lëtzebuerg Usus sinn) all Zorte vu Vermummungen a ... plus

Motivation de la pétition

Dëst generellt Vermummungsverbuet dréit zur allgemenger Sécherheet engersäits bäi (duerch di direkt Erkennung vum Géigeniwwer). Anerersäits gëtt d’Vermummung a verschiddene Kreeser als sozialt Exklusiounsinstrument vu Männer fir hir Frae benotzt. E Verbuet soll also och der Sozialiséierung ... plus

expiré  21.11.2016
1627 /4.500
36%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
19.01.2017

La pétition publique n°711 est clôturée, le 19-01-2017

Motivation de la clôture: Déclaration de clôture

01.12.2016

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

29.11.2016

Signatures électroniques validées: 1604

29.11.2016

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°711, le 29-11-2016 - Nombre de signatures après validation: 1627

23.11.2016

Signatures papier validées: 23

22.11.2016

La période de signature de la pétition publique n°711 est clôturée, le 22-11-2016 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 1604

10.10.2016

La pétition publique n°711 est ouverte à signature, le 10-10-2016

06.10.2016

La pétition publique n°711 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 06-10-2016

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 10-10-2016 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 21-11-2016 à 23h59

04.10.2016

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°711, le 04-10-2016

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

26.09.2016

La pétition publique n°711 est déposée, le 26-09-2016

Intitulé de la pétition: Fir e generellt Vermummungsverbuet am ëffentleche Raum

 

But de la pétition: D’Zil vun der Petitioun ass et, fir dass all Mënsch an Zukunft kann am ëffentleche Raum à première vue identifizéiert ginn. Dowéinst sollen dann (mat Ausnahmeregelunge fir d’Fueszäit resp. fir ähnlech Fester, wou Verkleedungen zu Lëtzebuerg Usus sinn) all Zorte vu Vermummungen a Verschleierunge vum Gesit (beispillsweis duerch Motorradshelmer - ofgesinn während der Fahrt - oder duerch reliéis Kleedungen - wéi Burka, Niqab oder aner Zorte Gesiichtsschleier) verbuede ginn. Jidderee soll säi Géigeniwwer kënnen erkennen an – de cas échéant - ënner Ëmstänn och kënne beschreiwen. An zwar um Territoire vum ganze Land.

 

 

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Dëst generellt Vermummungsverbuet dréit zur allgemenger Sécherheet engersäits bäi (duerch di direkt Erkennung vum Géigeniwwer). Anerersäits gëtt d’Vermummung a verschiddene Kreeser als sozialt Exklusiounsinstrument vu Männer fir hir Frae benotzt. E Verbuet soll also och der Sozialiséierung vun deene betraffene Fraen dingen an der sozialer Exklusioun entgéint wierken. Schliisslech geet et och ëm d’Sécherheet am Verkéier: mat engem Gesiichtsschleier virun den Aen ass engem seng Vue staark ageschränkt an et gëtt een zur Gefor fir sech selwer an och fir anerer am Verkéier.

Dës Regelung däerf net den eenzelne Gemengen ënnerleien, mee et muss um nationale Plang legiferéiert ginn, fir dass d’Bierger am Land net ënnerschiddlech behandelt ginn. An awer och fir dass dat beispillsweis am Stroosseverkéier eenheetlech geregelt gëtt. Et soll ee sech heibäi roueg un den Legislatioune vun eisen Nopeschlänner Belge a Frankräich orientéieren.