Publique n°698

Pétitionnaire: Lucien Welter

Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsprooch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën

But de la pétition

D’Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsproch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën an an de Schoulen zu Lëtzebuerg verstäerkt ze ënnerriichten an och als Schoulsprooch festzeleeën. Dass all Administratioun fir hir Publikatiounen a Matdeelungen, sief et per Post ... plus

Motivation de la pétition

Eng offiziell Sprooch (op däitsch Amtssprache) ass eng Sprooch, déi an engem Stat (oder engem Deel dovun) duerch d'Konstitutioun als déi Sprooch definéiert ass, an där d'Gesetzer geschriwwe sinn, an an där de Stat a seng Verwaltunge mat de Bierger kommunizéieren. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng ... plus

expiré  24.10.2016
14500 /4.500
100%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
15.06.2018

Prise de position du pétitionnaire

14.02.2018

Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition

Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition
02.05.2017

Réponse du Président de la Chambre des Députés et transmission au Premier Ministre

21.03.2017

Transmission de documents

15.03.2017

Motion adoptée après la déclaration gouvernementale "Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch"

15.03.2017

Strategie fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

25.01.2017

Un échange de vues a eu lieu le 25-01-2017 au sujet de la pétition publique n°698

Procès-verbaux de réunion Procès-verbaux de réunion
16.01.2017

Un débat public en commission a eu lieu le 16-01-2017 au sujet de la pétition publique n°698

Travaux en commission: Débat public en commissions

Procès-verbaux de réunion Procès-verbaux de réunion
13.12.2016

Invitation au débat public

08.11.2016

Validation de 14.500 signatures

08.11.2016

Le seuil des 4500 signatures est atteint pour la pétition publique n°698, le 08-11-2016

25.10.2016

La période de signature de la pétition publique n°698 est clôturée, le 25-10-2016 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 14702

25.10.2016

Signatures électroniques validées: 14478

25.10.2016

Signatures papier validées: 22

12.09.2016

La pétition publique n°698 est ouverte à signature, le 12-09-2016

08.09.2016

La pétition publique n°698 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 08-09-2016

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 12-09-2016 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 24-10-2016 à 23h59

05.09.2016

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°698, le 05-09-2016

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

22.08.2016

La pétition publique n°698 est déposée, le 22-08-2016

Intitulé de la pétition: Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsprooch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën

 

But de la pétition: D’Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsproch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën an an de Schoulen zu Lëtzebuerg verstäerkt ze ënnerriichten an och als Schoulsprooch festzeleeën. Dass all Administratioun fir hir Publikatiounen a Matdeelungen, sief et per Post oder per offizielle Communiqué, Lëtzebuergesch zu alleréischt benotzt soll ginn. Fir Auslänner, déi nach net der Lëtzebuerger Sprooch mächteg sinn, soll automatesch op all Bréif eng Traductioun op franséisch an däitsch sinn. Ausserdeem soll erëm e Chamberbliedchen op Lëtzebuergesch publizéiert ginn. Dovunner ofgesinn soll dei franséisch Sprooch net méi vun der Regirung ausschliisslech als Amtssprooch benotzt ginn, och Uerteeler vun de Geriichter sollen op mannst op Lëtzebuergesch matgedeelt ginn. D’Lëtzebuerger Sprooch ass en Deel vun onser Nationalitéit a soll et och bleiwen. Déi am Virfeld schonn an de Gesetzestexter verankert Artikelen an och all Reglementer sollen doropshin ofgeännert ginn, fir dass ons Lëtzebuerger Sprooch erëm ons Haaptsprooch zu Lëtzebuerg gëtt.

 

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Eng offiziell Sprooch (op däitsch Amtssprache) ass eng Sprooch, déi an engem Stat (oder engem Deel dovun) duerch d'Konstitutioun als déi Sprooch definéiert ass, an där d'Gesetzer geschriwwe sinn, an an där de Stat a seng Verwaltunge mat de Bierger kommunizéieren. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng "offiziell" Sprooch: d'Lëtzebuerger Konstitutioun verweist op e Gesetz, mä de Législateur gebraucht am Gesetz iwwert de Sproochegebrauch just d'Termen Nationalsprooch, Gesetzessprooch a Verwaltungssprooch (quell. Wikipedia) Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues. Art. 1er. Langue nationale: La langue nationale des Luxembourgeois est le luxembourgeois. Art. 2. Langue de la législation: Les actes législatifs et leurs règlements d´exécution sont rédigés en français. Lorsque les actes législatifs et réglementaires sont accompagnés d´une traduction, seul le texte français fait foi. Dëst Gesetz muss ofgeännert ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt et eng offiziell Orthographie, an der Annex de Lien vun dësem groussherzogleche Reglement. lien:http://www.cpll.lu/pdf/ortho_1975.pdf D'Europäesch Unioun (Ofkierzung: EU) ass eng Vereenegung vun 28 europäesche State mat enger totaler Awunnerzuel vu 490 Millioune Mënschen an ass um Bruttoinlandsprodukt gemooss de gréisste Wirtschaftsraum vun der Welt. Dei eenzeg Sprooch, dei net am offiziellen Amtsblatt vun der EU vertrueden ass, ass Lëtzebuergesch, wat als Diskriminéierung unzegesinn ass. D'Regierung geet vun enger Awunnerzuel vun 1,2 Milliounen an nächster Zukunft aus. Domadder ass ons Nationalsprooch, ewéi d’Verfassung et virgesäit, zum Ausstierwe verdaamt. Et ass vun engem nationalen Interessi, dass ons Sprooch als national ewéi als 1. administrativ Sprooch erhale muss ginn.