Publique n°2983

Pétitionnaire: André Steffen

Ophiewen vun der politescher Entscheedung a Réouverture vun der Garer Police Unitéit esou wéi si virum 1.11.2023 fonctionéiert huet fir méi Schutz vun de Bierger an d'Anhale vun de Gesetzer an der ëffentlecher Uerdnung.

But de la pétition

Op all gréisser Gare am Ausland gëtt et eng sougenannten ,,Bahnhofspolizei". Déi ass haaptsächlech zoustänneg an de Gare selwer fir do d'Gefore fir d'ëffentlech Sécherheet oder d'Uerdnung ofzewieren. Dës Aufgabe kennen net duerch eng privat Sécherheetsfirma iwwerholl ginn. Déi deemoleg ... plus

Motivation de la pétition

D'Décisioun fir d'Garer Unitéit opzeléisen ass eng Verschlechterung a keng Verbesserung vun der ëffentlecher Sécherheet, mee ee Schratt no hannen. Duerch déi Mesure iwwerléisst een de Kriminelle reegelrecht de Quartier an d'Gare. Et kënnt een ze guer vun enger Kapitulatioun virun der ... plus

expiré  22.02.2024
1088 /4.500
24%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
13.03.2024

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

13.03.2024

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°2983, le 13-03-2024 - Nombre de signatures après validation: 1088

13.03.2024

Signatures électroniques validées: 1088

23.02.2024

La période de signature de la pétition publique n°2983 est clôturée, le 23-02-2024 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 1088

12.01.2024

La pétition publique n°2983 est ouverte à signature, le 12-01-2024

11.01.2024

Déclaration de recevabilité

11.01.2024

La pétition publique n°2983 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 11-01-2024

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 12-01-2024 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 22-02-2024 à 23h59

10.01.2024

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2983, le 10-01-2024

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

14.12.2023

La pétition publique n°2983 est déposée, le 14-12-2023

Intitulé de la pétition: Ophiewen vun der politescher Entscheedung a Réouverture vun der Garer Police Unitéit esou wéi si virum 1.11.2023 fonctionéiert huet fir méi Schutz vun de Bierger an d'Anhale vun de Gesetzer an der ëffentlecher Uerdnung.

But de la pétition: Op all gréisser Gare am Ausland gëtt et eng sougenannten ,,Bahnhofspolizei". Déi ass haaptsächlech zoustänneg an de Gare selwer fir do d'Gefore fir d'ëffentlech Sécherheet oder d'Uerdnung ofzewieren. Dës Aufgabe kennen net duerch eng privat Sécherheetsfirma iwwerholl ginn.

 

Déi deemoleg Unitéit vun der Stater Gare huet an der Lescht aus zirka 30 motivéierte Beamten/Beamtinne bestanen. Si ware 24/7 present, wat fir d' d'Awunner vum Quartier ee méi séchert Gefill war, wéi déi aktuell Situatioun. Duerch déi direkt Presenz vun de Beamten op der Gare an am Quartier konnten Interventioune schnell erfollegen an hunn doduercher och dacks zu engem Erfolleg gefouert.

 

Duerchschnëttlech konnt d'Garer Unitéit 4 Patrullen zesummestellen. Elo stellt de Kommissariat Lëtzebuerg 4 Leit fir d'Gare. 1 Patrull fir de Büro an eng fir just dobausse Presenz ze weisen!

Motivation de l'intérêt général de la pétition: D'Décisioun fir d'Garer Unitéit opzeléisen ass eng Verschlechterung a keng Verbesserung vun der ëffentlecher Sécherheet, mee ee Schratt no hannen. Duerch déi Mesure iwwerléisst een de Kriminelle reegelrecht de Quartier an d'Gare. Et kënnt een ze guer vun enger Kapitulatioun virun der Kriminalitéit schwätzen an dat ka fréier oder spéider zu sougenannten ,,No Go Areas" féiere, wéi a verschiddenen Nopeschlänner.

 

Preventioun vu Strofdoten an ee Sécherheetsgefill fir de Bierger a Bewunner an engem sougenannte ,,Quartier chaud", kann een nëmmen duerch eng stänneg Presenz vu Polizisten erreechen.

 

Mee och eis Bevëlkerung, z. B. déi Leit déi all Dag op der Gare den Zuch huelen oder do mam Zuch ukommen, d'Leit déi an der Ëmgéigend vun der Gare schaffen (CNS, Steieramt, CMCM, asw.), d'Leit déi bei de Garer Geschäftsleit akafe wëllen, fillen sech net méi sécher a ginn ëmmer ëfters d'Affer vu Gewaltdoten, déi deels mat Waffen ausgefouert ginn. D'Zuel vun den Iwwerfäll, Kläppereien, Randaler, Déifställ, Abréch an aner kriminell Dote klemmt stänneg. An och d'Gewaltdoten an d'Rebellioune géingt eis Police.

 

Dobäi däerf net vergiess ginn, dass op eiser Gare och international Zich mat Touristen aus alle Länner ukommen. Wier et net berouegend wann déi Leit d'Presenz vun eiser Police op deem een oder anere Quai géife gesinn? Well et ass jo awer och kee Geheimnis, dass och nach aner Leit den Zuch benotze fir z. B. Drogen aus dem Ausland an d'Land ze schmuggelen an elo wëssen, dass d'Gefor op der Gare gepëtzt ze ginn, net méi allzegrouss ass.

 

Dobäi komme jo elo och nei Aufgaben wéi d'Heeschereiverbuet ze kontrolléieren. Dofir brauch ee virun allem Fouss-Patrullen, déi d'Garer Unitéit jo virdru konnt ausféieren an déi elo net méi duerch eng 2-Mann-Patrull kenne gemaach ginn.

 

D'Stater Gare brauch eng selbstänneg Unitéit, déi hir speziell Clientë kennt an esou besser fir d'Uerdnung a Sécherheet suerge kann, a keng Noutléisung!