Publique n°2840

Pétitionnaire: Vicky Wishof

Fir d'Entlaaschtung vu medizineschem Personal, a Schafe vun neie Servicer dass Famillje mat beanträchtegte Kanner déi néideg Ënnerstëtzung fannen.

But de la pétition

Medizinescht Personal, souwéi Professioneller aus entspriechende Servicer mussen dréngend méi Ënnerstëtzung hu fir qualitativ Aarbecht bei Famillje mat beanträchtegte Kanner ze leeschten. Den Diagnostikprozess wier wichteg zäitlech beschleunegt ze ginn, dofir muss als éischt eng besser ... plus

Motivation de la pétition

Pédiateren, Spideeler a Servicer sinn iwwerlaascht. Famillje musse sech selwer orientéieren a sinn iwwerfuerdert. De ganze System, awer virun allem d'Kanner, leiden ënnert dësen Ëmstänn. De Besoin fir Fréifuerderung gëtt bei Familljen opgrond vu mangelhafter Dokter-Eltere Relatioun dacks ze ... plus

expiré  05.09.2023
833 /4.500
19%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
13.12.2023

Déclaration de clôture

06.12.2023

La pétition publique n°2840 est clôturée, le 06-12-2023

Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

12.10.2023

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

11.10.2023

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°2840, le 11-10-2023 - Nombre de signatures après validation: 833

11.10.2023

Signatures électroniques validées: 833

06.09.2023

La période de signature de la pétition publique n°2840 est clôturée, le 06-09-2023 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 833

26.07.2023

La pétition publique n°2840 est ouverte à signature, le 26-07-2023

25.07.2023

Déclaration de recevabilité

25.07.2023

La pétition publique n°2840 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 25-07-2023

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 26-07-2023 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 05-09-2023 à 23h59

24.07.2023

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2840, le 24-07-2023

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

17.07.2023

La pétition publique n°2840 est déposée, le 17-07-2023

Intitulé de la pétition: Fir d'Entlaaschtung vu medizineschem Personal, a Schafe vun neie Servicer dass Famillje mat beanträchtegte Kanner déi néideg Ënnerstëtzung fannen.

But de la pétition: Medizinescht Personal, souwéi Professioneller aus entspriechende Servicer mussen dréngend méi Ënnerstëtzung hu fir qualitativ Aarbecht bei Famillje mat beanträchtegte Kanner ze leeschten. Den Diagnostikprozess wier wichteg zäitlech beschleunegt ze ginn, dofir muss als éischt eng besser Zesummenaarbecht tëscht alle Bedeelegten am Land an iwwert d'Grenz eraus sinn. Eltere brauche méi Entlaaschtung bei chronesch / irreversibel erkrankte Kanner. Beanträchtegt Kanner ënnert engem Joer ginn dacks net als méi hëllefsbedürfteg wéi aner Puppelcher ugesinn, mat dem Argument se wiere souwisou op een ugewisen - och wann d'Famill Aarbecht a Fréifuerderung duerch extern Servicer zäitlech / finanziell net matenee kooridnéiert kritt. Wann de Krankheetsausléiser dobäi net fonnt ka ginn, gëtt och d'Behënnerung gär net als eng wouergeholl. Grad dës Kanner brauchen awer vill Fréifuerderung fir Réckstand opzehuelen, a keng Etikett. D'Famill brauch déi néideg Ressource fir dëst mam Beruff ze koordinéieren.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Pédiateren, Spideeler a Servicer sinn iwwerlaascht. Famillje musse sech selwer orientéieren a sinn iwwerfuerdert. De ganze System, awer virun allem d'Kanner, leiden ënnert dësen Ëmstänn. De Besoin fir Fréifuerderung gëtt bei Familljen opgrond vu mangelhafter Dokter-Eltere Relatioun dacks ze spéit erkannt, den Ausléiser vill ze spéit oder guer net gesicht. Famillje gi mat hirem Dossier an d'Ausland, wat mat enormem Opwand verbonnen ass, deelweis guer net méiglech ass. Mam berufflechen Alldag zesummen ass dat alles quasi net ze stemmen. D'Spidol an och d'Famillje brauchen dréngend déi néideg Ënnerstëtzung - sierf et just wärend dem Diagnostikprozess, oder je no Besoin vun der Famill, och iwwert den Diagnostikprozess eraus. Och Kanner ënnert engem Joer souwéi individuell Familljekonstellatioune sollen hei berücksichtegt ginn. D'Bevölkerung wiisst, an de Probleem dierf a kann net länger ignoréiert ginn.