Publique n°2838

Pétitionnaire: Zoe Evans

Fir méi juristesch Konsequenzen bei all Zort vun Diskriminatioun, Gewalt, Mobbing, Stalking an Hate Speech.

But de la pétition

D' Ziel vun der Petitioun ass, dass Mënschen déi zu Haass opruffen, Gewalt uwenden, ëffentlech diskriminéieren, Abus a Ruff Mord bedreiwen, mobben, ënnerdrécken an/oder eng Gefor fir eng eenzel Persoun oder e Groupe sinn, rechtlech verfollegt an tatsächlech bestrooft ginn.

Motivation de la pétition

Staatsgesetzer sinn do fir en friddlech Zesummeliewe an enger grousser Gemeinschaft ze regléieren an ze erliichteren. Ma leider stellen mir ëmmer mei fest, dass Plainten falen gelooss ginn, banaliséiert gëtt an Täter net gestrooft ginn. D'Artikelen 442-2, 443 bis 452 an 454 bis 457-4 ... plus

expiré  05.09.2023
2258 /4.500
50%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
13.12.2023

Déclaration de clôture

06.12.2023

La pétition publique n°2838 est clôturée, le 06-12-2023

Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

12.10.2023

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

11.10.2023

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°2838, le 11-10-2023 - Nombre de signatures après validation: 2258

11.10.2023

Signatures électroniques validées: 2256

11.10.2023

Signatures papier validées: 2

06.09.2023

La période de signature de la pétition publique n°2838 est clôturée, le 06-09-2023 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 2256

26.07.2023

La pétition publique n°2838 est ouverte à signature, le 26-07-2023

25.07.2023

Déclaration de recevabilité

25.07.2023

La pétition publique n°2838 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 25-07-2023

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 26-07-2023 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 05-09-2023 à 23h59

24.07.2023

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2838, le 24-07-2023

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

13.07.2023

La pétition publique n°2838 est déposée, le 13-07-2023

Intitulé de la pétition: Fir méi juristesch Konsequenzen bei all Zort vun Diskriminatioun, Gewalt, Mobbing, Stalking an Hate Speech.

But de la pétition: D' Ziel vun der Petitioun ass, dass Mënschen déi zu Haass opruffen, Gewalt uwenden, ëffentlech diskriminéieren, Abus a Ruff Mord bedreiwen, mobben, ënnerdrécken an/oder eng Gefor fir eng eenzel Persoun oder e Groupe sinn, rechtlech verfollegt an tatsächlech bestrooft ginn.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Staatsgesetzer sinn do fir en friddlech Zesummeliewe an enger grousser Gemeinschaft ze regléieren an ze erliichteren. Ma leider stellen mir ëmmer mei fest, dass Plainten falen gelooss ginn, banaliséiert gëtt an Täter net gestrooft ginn.

D'Artikelen 442-2, 443 bis 452 an 454 bis 457-4 definéieren eng Aschränkung zur Meenungsfräiheet fir de Schutz vun de Léit. Trotzdeem befannen mir eis haut nach an engem System, wou dës Artikelen net eescht genuch geholl ginn. Och schreift de Code Pénal fir, dass bei Gewalt Awierkung géint Persounen aller Aart, Geschlecht, Berufsstand a Relioun rechtlech Schrëtter ënnerholl ginn.

Den Internet ass voller Haass, eis Stroossen si voller Gewalt. Dobäi betrëfft et jiddereen vun eis! Eis Kanner ginn am jéngsten Alter scho gemobbt, Aarbechter aus ëffentlechen Fonctiounen ginn aggresseiert, op Tiktok, Facebook an Co. kurséiren Videoen déi zur Eliminatioun vun diversen Communautéiten opruffen. Haislech Gewalt ass net prioritär. Meenungsfräiheet gëtt mat Volkshetze verwiesselt. An ze ville Fäll geschitt näischt, an et geet elo duer!

 

D' Erfarungen aus den leschten 2 Joer si follgend:

- D' Opfer vun haislecher Gewalt ginn net genuch eescht geholl. Et gëtt als "Onstëmmegkeet zwëschent Fra a Mann" banaliséiert déi et säit ëmmer scho goufen. d' Opfer gi mat bloen Plazen an vill Angscht heemgeschéckt.

- D' LGBTQAI+ Community gëtt bedrot, diskriminéiert, kierperlech wéi och verbal ugegraff an dëst am Internet wei och an der Ëffentlechkeet.

- Kanner am jonken Alter wëllen net mei an d' Schoul an weisen psychosomatesch Unzeechen wéi Bauchwéi, Iwwerginn, Roserei, Bettnässerei, Kappwéi, Panikattacken, Selbstmordgedanken oder Versich. Sie erliewen leider schonn ganz fréi, dass net konsequent duerchgegraff an gehollef gëtt. D'Entfert vun den jéngsten Mobbing-Dynamiken ass oft: Mir kann souwisou näischt passéieren.

 

Et muss méi konsequent Duerchgegraff ginn, dass et den Mënschen an eiser Gesellschaft besser geet, an Täter gestoppt ginn!