Publique n°1844

Pétitionnaire: Gabrielle Koeune

De Stat soll der Croix Rouge d'Biirtrenger Schlass oder eng anert geegent Baulechkeet ofkafen an doraus dräi Beräicher schafen: 1) en Erhuelungsheem fir elengerzéiend Elterendeler a Mammen, 2) e Wunnberäich mat klenge Wunnengen fir Familles monoparentales zu genschtege Loyeren an 3) eng Crêche mat Maison Relais, fir den Elengerzéienden d'Méiglechket ze gin, schaffen ze goen an fräi Zäitreim ze hun

But de la pétition

Zil ass, di Elengerzéiend an d'Mammen ze entlaaschten. Béid mussen an dene meeschte Fäll den Haushalt an d'Kannererzéiung quasi eleng schaffen. Dat ass eng enorm Belaaschtung, déi an eiser Gesellschaft aktuell weder bezuelt nach honoréiert get. An den Zäite vu Covid-19 huet des Situatioun ... plus

Motivation de la pétition

E Land ass net nemmen eng Economie, Geld a Betriiber; e Land, dat ass virun allem seng Bevölkerung. Déi MENSCHEN, déi an dem Land liewen. D'Basis dovun sin di vill Mammen an elengerzéiend Elterendeler, déi meeschtens op hir egen Wensch verzichten, fir datt et (op mannst) de Kanner gutt ... plus

expiré  13.05.2021
11 /4.500
0%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
19.07.2021

Déclaration de clôture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
07.07.2021

La pétition publique n°1844 est clôturée, le 07-07-2021

Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

03.06.2021

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

02.06.2021

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°1844, le 02-06-2021 - Nombre de signatures après validation: 11

02.06.2021

Signatures électroniques validées: 11

14.05.2021

La période de signature de la pétition publique n°1844 est clôturée, le 14-05-2021 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 11

02.04.2021

La pétition publique n°1844 est ouverte à signature, le 02-04-2021

02.04.2021

Déclaration de recevabilité

01.04.2021

La pétition publique n°1844 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 01-04-2021

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 02-04-2021 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 13-05-2021 à 23h59

31.03.2021

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1844, le 31-03-2021

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

18.03.2021

La pétition publique n°1844 est déposée, le 18-03-2021

Intitulé de la pétition: De Stat soll der Croix Rouge d'Biirtrenger Schlass oder eng anert geegent Baulechkeet ofkafen an doraus dräi Beräicher schafen: 1) en Erhuelungsheem fir elengerzéiend Elterendeler a Mammen, 2) e Wunnberäich mat klenge Wunnengen fir Familles monoparentales zu genschtege Loyeren an 3) eng Crêche mat Maison Relais, fir den Elengerzéienden d'Méiglechket ze gin, schaffen ze goen an fräi Zäitreim ze hun

 

But de la pétition: Zil ass, di Elengerzéiend an d'Mammen ze entlaaschten. Béid mussen an dene meeschte Fäll den Haushalt an d'Kannererzéiung quasi eleng schaffen. Dat ass eng enorm Belaaschtung, déi an eiser Gesellschaft aktuell weder bezuelt nach honoréiert get. An den Zäite vu Covid-19 huet des Situatioun sech nach verschärft. Wat di Elengerzéiend (familles monoparentales) betrefft, sou liewen si oft un der Aarmutsgrenz, hun opgrond vun de Kanner (Betreiung, Krankhet vun de Kanner) um Aarbechtsmaart manner gudd Chancen a stellen sech selwer an hir Gesondhet ganz un de Schluss. Och hir Chancen, eng passabel a bezuelbar Wunneng ze fannen sin net esou grouss. Doniewent hun d'Kanner net d'Méiglechket, ze spillen an Natur ze genéissen. Dofir wier de Park, dee ronderem d'Schlass ass, optimal a Gesellschaft hätten se och, sou datt se Sozialkompetenze léieren.

D'Croix Rouge kéint mat dem Geld aus dem Verkaf aner Projeten an d'Liewe ruffen oder ausbauen.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: E Land ass net nemmen eng Economie, Geld a Betriiber; e Land, dat ass virun allem seng Bevölkerung. Déi MENSCHEN, déi an dem Land liewen.

 

D'Basis dovun sin di vill Mammen an elengerzéiend Elterendeler, déi meeschtens op hir egen Wensch verzichten, fir datt et (op mannst) de Kanner gutt get.

 

Leider get dat aktuell weder finanziell nach soss wéi honoréiert an oft féiert hir multipel Belaaschtung dozou, datt hir Gesondhet drenner leid a si weder Geld nach Zäit fir sech selwer an Sozialkontakter hun. Besonnesch d'Familles monoparentales sin an enger ganz erausfuerdernder Situatioun, an dat op villen Niveauen.

 

Letzebuerg ass e räicht Land a soll seng sozial Verantwortung iwwerhuelen.