Publique n°1551

Pétitionnaire: Claude Clemens

Wäertschätzung vun den “Helden“ vun der Corona-Kris net just a Krisen-Zäiten

But de la pétition

Eng Rei Berufsgruppen an eiser Gesellschaft, deelweis aus dem sougenannten “Niddreglounsecteur”, sinn an der Corona-Kris op eemol systemrelevant an zu “Helden” ginn, deenen ëm 20h00 owes dobaussen an de Stroosse geklappt gëtt. Dësen Applaus ass jo gewëssermoossen e staarkt Mandat vun der ... plus

Motivation de la pétition

Ee Schratt a Richtung vun enger méi gerechter a solidarescher Gesellschaft

expiré  18.06.2020
64 /4.500
1%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
02.11.2020

Déclaration de clôture

28.10.2020

La pétition publique n°1551 est clôturée, le 28-10-2020

Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

22.09.2020

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

16.09.2020

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°1551, le 16-09-2020 - Nombre de signatures après validation: 64

16.09.2020

Signatures électroniques validées: 64

24.06.2020

En raison de la suspension de la collecte de signatures sur papier pendant la durée de l'état de crise, la période de signature pour la collecte des signatures sur papier débute le 24.06.2020 et finit le 04.08.2020 à 23:59

19.06.2020

La période de signature de la pétition publique n°1551 est clôturée, le 19-06-2020 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 64

08.05.2020

La pétition publique n°1551 est ouverte à signature, le 08-05-2020

07.05.2020

La pétition publique n°1551 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 07-05-2020

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 08-05-2020 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 18-06-2020 à 23h59

06.05.2020

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1551, le 06-05-2020

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

16.04.2020

La pétition publique n°1551 est déposée, le 16-04-2020

Intitulé de la pétition: Wäertschätzung vun den “Helden“ vun der Corona-Kris net just a Krisen-Zäiten

But de la pétition: Eng Rei Berufsgruppen an eiser Gesellschaft, deelweis aus dem sougenannten “Niddreglounsecteur”, sinn an der Corona-Kris op eemol systemrelevant an zu “Helden” ginn, deenen ëm 20h00 owes dobaussen an de Stroosse geklappt gëtt. Dësen Applaus ass jo gewëssermoossen e staarkt Mandat vun der Bevëlkerung fir d’Politik – souwuel d’Exekutive wéi d’Legislative –, all hir zur Verfügung stoend Mëttelen, souwuel offizieller wéi och informeller, ze notzen, fir eppes zu Gonschte vun dëse Bevëlkerungsschichten a Beruffsgruppen ze maachen. Sief et wat Salairen ugeet, d’Aarbechtsbedingungen oder ganz allgemeng d’Liewensqualitéit.

Dëst ka geschéien duerch Ännerungen am Droit du travail, duerch de Versuch op Kollektivverträg anzewierken, resp. d’Kollekivvertrags-Wiesen ze stäerken, oder och ganz einfach duerch “politesche Lobbying” bei Patronatsverbänn a firwat net, amplaz vun enger Stol-Tripartite, mol eng Kéier eng Tripartite fir déi Leit déi all Dag d’Dreckskëschten eidel maachen. Wat den an der Lescht oft zitéierten Bien-être au travail ugeet an dat an deem Zesummenhang grad esou oft gebrauchten “Zauberwuert” Télétravail, sou weisen déi nei systemrelevant Beruffer, oft genuch zousätzlech mat Weekendsaarbecht verbonnen, datt och dat net duer geet: krank an al Leit ginn net am Télétravail versuergt, grad ewéi d’Keessen net vun doheem aus gemaach ginn an och d’Dreckskëschten net via Computer eidel gemaach ginn. Do kann een éischter un Aarbechtszäit-Verkierzungen denken oder fiskalesch Virdeeler op Weekendsaarbecht, Schichtaarbecht oder änleches.

 

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Ee Schratt a Richtung vun enger méi gerechter a solidarescher Gesellschaft