Publique n°1516

Pétitionnaire: Sarah Thoss

Grad sou wéi de Schouldokter soll e Psycholog all zwee Joer an d'Schoule kommen

But de la pétition

Déi psychesch Gesondheet ass mindestens genausou wichteg wéi déi physesch. Dofir soll e Schüler, deem et net gutt geet mat engem schwätzen a sech engem uvertraue kënnen. Mee fir dat kennen ze maachen, muss hien sech selwer iwwerwannen an dat ass e grousse Schrëtt, dee vill Leit leider net ... plus

Motivation de la pétition

- D'Ënnerstëtzung vu Schüler, deenen et net gutt geet, och ausserhalb vun der Schoul - D'Destigmatiséiere vu mentale Krankheeten duerch Opklärung an Sensibiliséierung - D'Méiglechkeet fir Schüler hier Gefiller ze konfrontéieren, amplaz se an sech eran ze friessen - D'Méiglechkeet ... plus

expiré  26.05.2020
1757 /4.500
39%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
02.11.2020

Déclaration de clôture

28.10.2020

La pétition publique n°1516 est clôturée, le 28-10-2020

Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

22.09.2020

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

16.09.2020

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°1516, le 16-09-2020 - Nombre de signatures après validation: 1757

16.09.2020

Signatures papier validées: 80

16.09.2020

Signatures électroniques validées: 1677

24.06.2020

En raison de la suspension de la collecte de signatures sur papier pendant la durée de l'état de crise, la période de signature pour la collecte des signatures sur papier débute le 24.06.2020 et finit le 04.08.2020 à 23:59

27.05.2020

La période de signature de la pétition publique n°1516 est clôturée, le 27-05-2020 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 1677

15.04.2020

La pétition publique n°1516 est ouverte à signature, le 15-04-2020

03.04.2020

Déclaration de recevabilité

03.04.2020

La pétition publique n°1516 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 03-04-2020

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 15-04-2020 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 26-05-2020 à 23h59

01.04.2020

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1516, le 01-04-2020

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

16.03.2020

La pétition publique n°1516 est déposée, le 16-03-2020

Intitulé de la pétition: Grad sou wéi de Schouldokter soll e Psycholog all zwee Joer an d'Schoule kommen

But de la pétition: Déi psychesch Gesondheet ass mindestens genausou wichteg wéi déi physesch.

 

Dofir soll e Schüler, deem et net gutt geet mat engem schwätzen a sech engem uvertraue kënnen. Mee fir dat kennen ze maachen, muss hien sech selwer iwwerwannen an dat ass e grousse Schrëtt, dee vill Leit leider net maachen.

D'Essenz vun dëser Petitioun ass déi, datt e Psycholog soll, genausou wei de Schouldokter all zwee Joer an d'Schoule goen an do de Schüler nolauschteren. All Schüler wier 20 Minutten eleng mat dem Psycholog an hätt dann déi Zäit fir him sech entweder unzevertrauen oder net. Doduerch, datt de Psycholog bei si kennt, amplaz datt si bei hie musse goen, wéi et momentan ass, ass déi Hemmschwell vum Iwwerwanne quasi fort.

 

Zum Schluss vun der Consultatioun kritt de Schüler Donnéeë fir ëmmer kennen ausserschoulesch  bei e Psycholog ze goen. Sou soll e betraffene Schüler erkennen, datt et an der Rei ass, fir mat engem doriwwer ze schwätzen, wei et him geet, an datt professionell Leit do sinn, déi engem nolauschteren.

Motivation de l'intérêt général de la pétition:

- D'Ënnerstëtzung vu Schüler, deenen et net gutt geet, och ausserhalb vun der Schoul

 

- D'Destigmatiséiere vu mentale Krankheeten duerch Opklärung an Sensibiliséierung

 

- D'Méiglechkeet fir Schüler hier Gefiller ze konfrontéieren, amplaz se an sech eran ze friessen

 

- D'Méiglechkeet fir Schüler hier Gefiller engem externe Psycholog ze offenbaren, deen net un d'Schoul gebonnen ass

 

Sou léiert een och fir spéider, datt et an der Rei ass, fir mat engem ze schwätzen, an datt een dat ëmmer maache kann.