Publique n°1394

Pétitionnaire: Franky Gilbertz

Fir eng national Initiative d'Bushaisercher mat enger Daachbegrünung auszestatten

But de la pétition

Mer wëssen entretemps all, dass mer eisem Planéit hëllefe musse fir d'Zukunft vun eis als Spezies selwer ze iwwerliewen. Et geet net drëms permanent Panik ze verbreeden, mä mat konkrete Virschléi weider ze hëllefen. Duerch gezillten Aktioune kënne mer dozou bäidroen der Biodiversitéit eng ... plus

Motivation de la pétition

Dës Petitioun soll d’Politik opfuerderen sech positiv fir dës Iddi auszedrécken an deemno ee klenge revolutionäre Schratt anzelaude wéi d'Bushaisercher am Land an d'Zukunft kënnen ausgesinn. D‘Beien, de Bommelen a vill aner Insekten (déi och maassgeeblech un der Bestëbsung bedeelegt sinn, ... plus

expiré  28.11.2019
194 /4.500
4%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
09.01.2020

Déclaration de clôture

08.01.2020

La pétition publique n°1394 est clôturée, le 08-01-2020

Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

06.12.2019

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

04.12.2019

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°1394, le 04-12-2019 - Nombre de signatures après validation: 194

04.12.2019

Signatures électroniques validées: 194

29.11.2019

La période de signature de la pétition publique n°1394 est clôturée, le 29-11-2019 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 195

18.10.2019

La pétition publique n°1394 est ouverte à signature, le 18-10-2019

17.10.2019

Déclaration de recevabilité

17.10.2019

La pétition publique n°1394 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 17-10-2019

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 18-10-2019 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 28-11-2019 à 23h59

16.10.2019

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1394, le 16-10-2019

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

27.09.2019

La pétition publique n°1394 est déposée, le 27-09-2019

Intitulé de la pétition: Fir eng national Initiative d'Bushaisercher mat enger Daachbegrünung auszestatten

But de la pétition: Mer wëssen entretemps all, dass mer eisem Planéit hëllefe musse fir d'Zukunft vun eis als Spezies selwer ze iwwerliewen. Et geet net drëms permanent Panik ze verbreeden, mä mat konkrete Virschléi weider ze hëllefen. Duerch gezillten Aktioune kënne mer dozou bäidroen der Biodiversitéit eng reell Chance ze ginn och an d'Zukunft villfälteg ze bleiwen.

Mer mussen eis bewosst si wat mer maachen. An haut d'Weiche fir muer leeën ass ëmsou méi wichteg, well mer duerch Bäiträg aus internationale Studie Fakten erausschiele kënnen an deemno ganz geziilt agéiere kënnen. Esou ass et zum Beispill kee Geheimnis méi, dass d'Beie fir eis als Mënschen enorm wichteg sinn. Si sinn ee Vektor fir de Fortgang vum Liewen tout court.

Deelweis gi schonn eis Schoulkanner geléiert den Ëmgang mat de Beien ze beherrschen an ze wësse wéi wichteg dat kleng Liewewiese fir d'Natur, spréch d'Flora an d'Fauna ass.

No baussen hin muss also deem nach een drop geluecht gi fir dass och de grand public weess, dass de Beie muss gehollef ginn. Dofir sinn ech der Meenung, dass mer eis um Beispill vun der hollännescher Staat Utrecht orientéiere sollen an eng étude de faisabilité solle lancéiere fir eis Bushaisercher (aubettes) am Land (do wou et méiglech ass) mat enger Daachbegrünung, déi speziell de Beien eng Nahrungsquell (vu fréi bis spéit am Joer) bitt.

Mer wëssen, dass der Maachbarkeet vun esou Projeten haut keng Grenze méi gesat sinn an d'Iddie villfälteg sinn. Nieft dem Ubidde vu Nahrung un d'Beien, kënnen d'Daachbegrünunge vu Bushaisercher dem Mënsch zousätzlech Elementer liwweren: si spenden een Deel Schiet wann et waarm dobaussen ass, si kënnen d'Klima ënner dem Bushaischen also e bësse reegelen, si sinn eng Aart Filter fir d’Loft (well se een Deel vum „Knascht“ aus der Loft opfänken) a si kënnen een Deel vum Reewaasser sënnvoll späicheren, nämlech fir d'Gréngs, dat um Bushaische wiisst a geplanzt ass.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Dës Petitioun soll d’Politik opfuerderen sech positiv fir dës Iddi auszedrécken an deemno ee klenge revolutionäre Schratt anzelaude wéi d'Bushaisercher am Land an d'Zukunft kënnen ausgesinn.

D‘Beien, de Bommelen a vill aner Insekten (déi och maassgeeblech un der Bestëbsung bedeelegt sinn, ergo och mat dofir verantwortlech sinn, dass Uebst a Geméis wiisst) - a last but not least d‘Natur (Flora a Fauna) – seet eis schonns am Viraus ee grousse Merci.

Mer hunn eist eegent Liewe selwer an der Hand. Mä grad esou hu mer (leider) och d'Liewe vun de Beien, Bommelen an aneren Insekten an der Hand, déi en revanche eist Liewen op eng gewëssen Aart a Weis an der Hand hunn. Hëllefe mer hinnen elo net duerch kleng geziilten Aktioun wéi dës Iddi mat der Daachbegrünung vun de Bushaisercher, stierwen se aus, well se fréi oder spéit keng Nahrungsquelle méi hunn. An domadder läsche mer eis no a no selwer aus. Well mer wëssen all zegutt: keng Beien, Bommelen an aner Insekte méi, dat heescht keng Bestëbsung vun de Bléie méi, déi absolut noutwenneg ass fir dass Uebst a Geméis ka wuessen, also iergendwann och kee Mënscheliewe méi. A ass an eisem Intressi eise fläissege Frënn ze hëllefen. Si hëllefen eis am Alldag. Also si mer verflicht hinnen och ze hëllefe wa mer eis net selwer ausrotte wëllen. D'Zäit leeft!