Publique n°1379

Pétitionnaire: Camille Muller

Pétition publique n°1379: Fërderung vun enger “Ernierungstransitioun“ (Ernährungswende / Transition alimentaire (mat „TA“ ofgekierzt ) fir Klima an Ëmwelt a méi Autarkie, net just awer besonnesch an der ëffentlecher Gastronomie. Dëst an ëffentlech (Schoul)kantinne, "Maisons relais" wou eng Demande bestoe kann - a net zu gudder lescht d'Fërderung vun enger TA iwwert de Moossnamekatalog vum KLIMAPAKT fir d'Gemengen mat senge verschidden Restauratiounen an Ententen ze sensibiliséieren.

But de la pétition

Eisen Ernierungssstil huet en elementaren Impakt op Ekologie a global Nahrungsgerechtegkeet. Mir brauchen dohier eng Transitioun zu enger nohalteger Ernierung. Lëtzebuerg huet zwar eng Suffizienz bei Fleesch a Mëllech, déi awer op d’Ofhängegkeet vun Fudderimporter (Stéchwuert „Mercosur“) ... plus

Motivation de la pétition

Bei der richteger Offer hëllt een och zugläich seng Responsabilitéit fir ze weisen wéi een eng vegetaresch Ernierung ofwiesslungsräich, gesond a klimafrëndlech zesummestelle kann (quid dass et sech bei Vegetarier a Veganer ëm Leit handelt déi sech mat der Ernierung scho vill ofginn a gutt ... plus

expiré  01.11.2019
483 /4.500
11%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
09.01.2020

Déclaration de clôture

08.01.2020

La pétition publique n°1379 est clôturée, le 08-01-2020

Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

18.11.2019

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

13.11.2019

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°1379, le 13-11-2019 - Nombre de signatures après validation: 482

13.11.2019

Signatures électroniques validées: 483

02.11.2019

La période de signature de la pétition publique n°1379 est clôturée, le 02-11-2019 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 483

20.09.2019

La pétition publique n°1379 est ouverte à signature, le 20-09-2019

19.09.2019

Déclaration de recevabilité

19.09.2019

La pétition publique n°1379 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 19-09-2019

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 20-09-2019 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 01-11-2019 à 23h59

18.09.2019

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1379, le 18-09-2019

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

03.09.2019

La pétition publique n°1379 est déposée, le 03-09-2019

Intitulé de la pétition: Pétition publique n°1379: Fërderung vun enger “Ernierungstransitioun“ (Ernährungswende / Transition alimentaire (mat „TA“ ofgekierzt ) fir Klima an Ëmwelt a méi Autarkie, net just awer besonnesch an der ëffentlecher Gastronomie. Dëst an ëffentlech (Schoul)kantinne, "Maisons relais" wou eng Demande bestoe kann - a net zu gudder lescht d'Fërderung vun enger TA iwwert de Moossnamekatalog vum KLIMAPAKT fir d'Gemengen mat senge verschidden Restauratiounen an Ententen ze sensibiliséieren.

But de la pétition: Eisen Ernierungssstil huet en elementaren Impakt op Ekologie a global Nahrungsgerechtegkeet. Mir brauchen dohier eng Transitioun zu enger nohalteger Ernierung. Lëtzebuerg huet zwar eng Suffizienz bei Fleesch a Mëllech, déi awer op d’Ofhängegkeet vun Fudderimporter (Stéchwuert „Mercosur“) gekoppelt a vun enger flächegebonnener Produktioun entkoppelt ass. Dogéint bleift d’Produktioun vun planzleche Produkter wéi Uebst, Hülsenfrüchte awer besonnesch Geméis marginal. Et sief gläich gesot dass et per se keng schlecht Ernierungsform gëtt, wann se responsabel praktizéiert gëtt. Wéi ee sech erniert ass awer och e perséinleche Choix, mat engem globalem Impakt. Fir eng TA ze fërderen, muss de richtege Choix offréiert ginn fir dass jiddereen, vum Mischköstler bis zum Vegetarier/Vegetalier, zu enger méi responsabeler Ernierung bäidroe kann. Leider steet awer eng ze oft fleeschbetounten Ernierung am Virdergrond. Dobäi däerf déi vegetaresch a reng planzlech Ernierung net vergiess ginn. Et geet net drëms fir d’Leit eng aner Ernierung opzedrängen, ma éischter fir déi wuessend Populatioun vu Vegetarier, Veganer an zeguer Flexitarier déi ë.a. och aus ekologesche Grënn hiere Choix machen, an hirem Effort ze ënnerstëtzen. Mat de richtechen Instrumenter kann een dobäi och déi Populatioun sensibiliséieren, déi iwwert hier verfügbar Ressourcen eraus konsuméieren.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Bei der richteger Offer hëllt een och zugläich seng Responsabilitéit fir ze weisen wéi een eng vegetaresch Ernierung ofwiesslungsräich, gesond a klimafrëndlech zesummestelle kann (quid dass et sech bei Vegetarier a Veganer ëm Leit handelt déi sech mat der Ernierung scho vill ofginn a gutt Bescheed wëssen). Weider gehéieren dozou d’Sensibiliséierung zu engem méi responsabele Fleeschkonsum. E gudde Guide fir e responsabele Fleeschkonsum ass de Fleeschflyer vum Landwirtschaftsministère (2016) dee sech mat Recommandatiounen aus dem Klimaschutz iwwerschneid. Och d’Wäertschätzung vum ganzen Déier (from nouse to tail) muss hei erafléissen. Zu der Diskussioun gehéiert sëcher och d‘Fërderung vun enger emissiounsaarmer Landwirtschaft déi de "Circuit court" an der ëffentlecher Restauratioun favoriséiert. Hei ass och d‘Potenzial fir déi 20% Biolandwirtschaft mat enger flächegebonnener Déierenhaltung ze ennerstëtzen. Och e besseren Approvisionnement vu regionale Produkter, déi eis Landwirtschaft bei (souwäit wéi méigelech) beschter Standuertméigelechkeet a neister Ubautechnik diversifizéiere kann, gehéiert zu dëser Diskussioun.