Publique n°1368

Pétitionnaire: André Steffen

Remboursement vun de Seancen beim Psycholog duerch CNS

But de la pétition

D'Remboursementer vun den Seancen bei den Psychologen vun der CNS rembourséiert ze kréien fir dass en d'Leit déi Hëllef an Usproch huele kennen an net aus finanzieller Grënn hir Therapie astelle mussen.

Motivation de la pétition

Déi erschreckend Zuel vun de Leit déi hei am Land Selbstmord maachen oder et versichen, misst eis Regierung stutzeg maachen an endlech dozou beweegen, dass d'Sëtzungen bei engem Psycholog vun der CNS rembourséiert ginn. Dobäi läit d'Donkelziffer vun de Leit déi keen Auswee méi wëssen nach ... plus

expiré  01.11.2019
2282 /4.500
51%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
09.01.2020

Déclaration de clôture

08.01.2020

La pétition publique n°1368 est clôturée, le 08-01-2020

Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

18.11.2019

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

13.11.2019

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°1368, le 13-11-2019 - Nombre de signatures après validation: 2279

13.11.2019

Signatures électroniques validées: 2282

01.11.2019

La période de signature de la pétition publique n°1368 est clôturée, le 01-11-2019 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 2282

20.09.2019

La pétition publique n°1368 est ouverte à signature, le 20-09-2019

19.09.2019

Déclaration de recevabilité

19.09.2019

La pétition publique n°1368 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 19-09-2019

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 20-09-2019 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 01-11-2019 à 23h59

18.09.2019

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1368, le 18-09-2019

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

20.08.2019

La pétition publique n°1368 est déposée, le 20-08-2019

Intitulé de la pétition: Remboursement vun de Seancen beim Psycholog duerch CNS

But de la pétition: D'Remboursementer vun den Seancen bei den Psychologen vun der CNS rembourséiert ze kréien fir dass en d'Leit déi Hëllef an Usproch huele kennen an net aus finanzieller Grënn hir Therapie astelle mussen.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Déi erschreckend Zuel vun de Leit déi hei am Land Selbstmord maachen oder et versichen, misst eis Regierung stutzeg maachen an endlech dozou beweegen, dass d'Sëtzungen bei engem Psycholog vun der CNS rembourséiert ginn. Dobäi läit d'Donkelziffer vun de Leit déi keen Auswee méi wëssen nach vill méi héich. Vill Leit leiden u séileschen an och kierperlechen Problemer a versichen als éischt eleng oder mat Hëllef vu Frënn domadder kloer ze kommen. Oft hunn se hiren Dokter an d'Vertrauen gezunn. Dat geet awer meeschtens net duer a si wëllen e Psycholog opsichen. Deen Entschloss ass oft net einfach. Et huet een Angscht fir verréckt erkläert ze ginn oder et muss een zouginn, dass een ze schwaach oder ze liddereg ass fir seng eege Problemer ze bewältegen. Wien de Wee vun enger Psychotherapie mëscht, ass bereet, seng Problemer net ze verstoppen mee deen aktiven Wee fir d'Problemer ze bewältegen, anzeschloen. Bei den Problemer kann et sech em Ängschten, Zwäng, Suchtproblemer, Depressiounen oder widderhuelt massiv Schwieregkeeten (Ängschten, Streidereien, asw.) am Ëmgang mat sech selwer oder mat aneren Mënschen handelen. Geet e Mënsch bei den Psychiater, sou kritt hien meeschtens Medikamenter verschriwwen an ass dann net méi hien selwer. Den Psycholog versetzt sech duerch Gespréicher an d'Persoun eran a kann dem Patient Strategien an Technike weisen, fir dass deen seng emotional Problemer a Verhalensproblemer léise kann. An der Reegel kënnen Verhalenstherapien tëschent 5 a munchmol 80 oder ze guer 100 Sëtzungen daueren. Therapien mat 80 bis 100 Sëtzungen daueren dann 1 1/2 bis 2 1/2 Joer. D'Dauer vun enger biografesch-systemescher Verhalenstherapie ass och dovunner ofhängeg wat an der Therapie genee verschafft gëtt. Ass eng Persoun a sengem Liewen un sech zefridden a leid nëmmen ënnert enger relativ ofgegrenzten Angscht- Depressiouns- oder Zwangssymptomik, dierft sech en Therapieerfolleg an 15 bis 45 Sëtzungen erreeche loossen. D'Psychologen bekloe selwer, dass vill Patienten eng Therapie ufänken mee no kuerzer Zäit se astellen well se d'Sëtzungen, déi tëschent 80 bis 100 Euro kaschten, net selwer bezuele kënnen. A Medikamenter eleng sinn keng Léisung a kaschten dobäi och Suen.