Publique n°1224

Pétitionnaire: Dominique Weber

Autofräi Sonndeger

But de la pétition

D'Aféierung vun 2 Autofräie Sonndeger am Mount, wéi et se schonns an de 70er Jore gouf, als Lutte géint de Klimawandel.

Motivation de la pétition

1973 goufen et wéinst der Energiekris an engem Mangel u Pëtrol a ville Länner an Europa Autofräi Sonndeger, op deenen d'Autofuere verbuede war. Deemools hunn d'Bierger zu Lëtzebuerg dëst higeholl a sinn op der Autobunn spadséiere gaangen. Haut schwätze mer net vun enger Energiekris, ma vum ... plus

expiré  17.04.2019
148 /4.500
3%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
06.06.2019

Déclaration de clôture

04.06.2019

La pétition publique n°1224 est clôturée, le 04-06-2019

Motivation de la clôture: pas de reclassement en pétition ordinaire

03.05.2019

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

30.04.2019

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°1224, le 30-04-2019 - Nombre de signatures après validation: 148

30.04.2019

Signatures électroniques validées: 148

17.04.2019

La période de signature de la pétition publique n°1224 est clôturée, le 17-04-2019 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 148

06.03.2019

La pétition publique n°1224 est ouverte à signature, le 06-03-2019

06.03.2019

Déclaration de recevabilité

01.03.2019

La pétition publique n°1224 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 01-03-2019

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 06-03-2019 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 17-04-2019 à 23h59

28.02.2019

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1224, le 28-02-2019

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

19.02.2019

La pétition publique n°1224 est déposée, le 19-02-2019

Intitulé de la pétition: Autofräi Sonndeger

But de la pétition: D'Aféierung vun 2 Autofräie Sonndeger am Mount, wéi et se schonns an de 70er Jore gouf, als Lutte géint de Klimawandel.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: 1973 goufen et wéinst der Energiekris an engem Mangel u Pëtrol a ville Länner an Europa Autofräi Sonndeger, op deenen d'Autofuere verbuede war. Deemools hunn d'Bierger zu Lëtzebuerg dëst higeholl a sinn op der Autobunn spadséiere gaangen.

Haut schwätze mer net vun enger Energiekris, ma vum Klimawandel, deen eise ganze Planéit bedrot. Vun den 10 wäermste Jore säit Ufank vun den Temperaturopzeechnunge waren der 9 nom Joer 2000. Och 2018 ass hei keng Ausnam.

Trotz ville gudden Efforten ass laut Studien den Ausstouss vun Zäregasen 2018 ëm 2,7% gewuess!

Laut europäesche Studien ass Lëtzebuerg zwar virbäi wat Klimaschutz ugeet, trotzdeem awer leider nach wäit dovunner ewech seng Ziler ze erreechen. Virbäi ze si geet net duer wann et ëm d'Zukunft vun eisem Planéit geet. de gratis ëffentlechen Transport ass e wichtege Schrëtt an déi richteg Richtung. Fir dass d'Leit awer tatsächlech vum Auto op den ëffentlechen Transport ëmklamme muss den Auto manner attraktiv gemaach ginn.

Aus dësem Grond muss eis Regierung sech un der Vergaangenheet inspiréieren an autofräi Sonndeger wéi an de 70er Joren aféieren!

Ausname wéi fir Ambulanzen an aner Rettungsdéngschter missten natierlech gemaach ginn. Ausserdeem géing den ëffentlechen Transport wéi op engem normalen Aarbechtsdag, oder souguer renforcéiert weiderlafen. Wee sech net un de Verbuet hält riskéiert héich Geldstrofen (z.B. 5.000 Euro an opwäerts) oder souguer dass de Permis agezu gëtt.

Dës Mesure mussen allerspéitstens 2021 antrieden.

Dëst hätt eng ganz Rëtsch positiv Effekter fir d'Ëmwelt a fir d'Lëtzebuerger Bierger:

Dat wuel wichtegst Argument läit op der Hand: wa keng Autoe fuere gi keng Zäregasen ausgestouss an eise Klimabilan gëtt besser.

De mentalen Aspekt: De Klimawandel ass ville Leit egal. Dat klengt extrem, a vill Leit wäerten sech vu sou engem Saz net ugesprach villen. Allerdéngs spiere mir hei zu Lëtzebuerg sou gutt wéi guer keng Konsequenze vum Klimawandel. Eist Land ass net bedrot vum Mieresspigel dee klëmmt. Et gëtt keng Hurrikanen oder Taifunen, déi an de leschte Joren ëmmer méi heefeg a méi staark optrieden. Bëschbränn an Dréchente sinn och praktesch kee Begrëff fir eist Land.

Aus dësem Grond musse mir Lëtzebuerger och endlech mol Aschränkunge spieren, déi eis d'Aen opmaachen. Wa Sonndes keng Autoe fueren dierfen, wier et déi éischt Kéier, dass an eisem Land serieux Konsequenze vum Klimawandel ze spiere wieren. Dëst géing d'Leit zum Nodenken ureegen, a villäicht deen een oder aneren dozou iwwerzeegen och wärend der Woch méi oft op den Auto ze verzichten.

Natierlech ass et schwéier op den Auto ze verzichten. Wann een sech awer am viraus dorops astellt a Sonndes entweder doheem bleift, oder vun de Busser an Zich profitéiert ass sou ee Verbuet guer net sou verréckt wéi verschiddener dat am Ufank menge wäerten.

Eis Regierung ass nach laang net couragéiert genuch. Et ass héich Zäit radikal Moossnamen zu huele fir eise Planéit an eis Zukunft iergendwéi nach ze retten.