Publique n°1171

Pétitionnaire: Robert Schommer

Fir de generelle Verbuet vu privatem Freedefeier

But de la pétition

D'Geforen an Nuisancen duerch privat Freedefeier fir Mënsch, Natur an Ëmwelt mat engem generelle Verbuet minimiséieren. An dëser Thematik eng kloer Positioun fir d'ganz Land an all Awunner bezéien an d'Handhabung net de Gemengen iwwerloossen. Eng eenheetlech Aussnahmebestëmmung ausschaffe ... plus

Motivation de la pétition

D'Meenungen iwwer d'Freedefeier gi besonnesch weit ausernee soubal wei op Silvester privat Leit massiv Knupperte kafen an zünden. Di läscht Joren huet sech dëst souguer op Gemengenniveau erëmgespigelt, soudass munch Gemengen et verbidden an anerer net oder just ënner bestëmmte Bedingungen ... plus

expiré  06.03.2019
264 /4.500
6%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
03.05.2019

Déclaration de clôture

03.05.2019

La pétition publique n°1171 est clôturée, le 03-05-2019

Motivation de la clôture: demande de reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

19.03.2019

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

13.03.2019

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°1171, le 13-03-2019 - Nombre de signatures après validation: 264

06.03.2019

La période de signature de la pétition publique n°1171 est clôturée, le 06-03-2019 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 262

06.03.2019

Signatures papier validées: 2

06.03.2019

Signatures électroniques validées: 262

23.01.2019

La pétition publique n°1171 est ouverte à signature, le 23-01-2019

23.01.2019

Déclaration de recevabilité

21.01.2019

La pétition publique n°1171 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 21-01-2019

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 23-01-2019 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 06-03-2019 à 23h59

15.01.2019

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1171, le 15-01-2019

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

01.01.2019

La pétition publique n°1171 est déposée, le 01-01-2019

Intitulé de la pétition: Fir de generelle Verbuet vu privatem Freedefeier

But de la pétition: D'Geforen an Nuisancen duerch privat Freedefeier fir Mënsch, Natur an Ëmwelt mat engem generelle Verbuet minimiséieren.

An dëser Thematik eng kloer Positioun fir d'ganz Land an all Awunner bezéien an d'Handhabung net de Gemengen iwwerloossen.

Eng eenheetlech Aussnahmebestëmmung ausschaffe mam Zil dass all Gemeng ausgewise Platzen z.B. fir Silvester ariicht. Dës Platze sollen nom Impakt op d'Ëmwelt (Mënsch, Déier, Geforen a Verschmotzung) ausgewielt ginn.

Wien Freed un Freedefeier huet soll dëser Passioun mat méi Sécherheet nogoe kënnen. Wien keng Freed un Freedefeier huet, soll duerch dës Mesure manner gesteiert ginn. Botz- an opraum- Aarbechte sollen doduerch mi einfach ginn. Noutdéngschter sollen doduerch bei Tëschefäll mi effikass agräife kënnen. Muttwëlleg Verschmotzung a Knupperte fir d'Leit z'erschrecke sollen doduerch mi kloer Verbuede ginn a mi liicht ze sanktionéiere ginn, wéi bis ewell. Parallel sollen d'Gemengen dobäi ënnerstëtzt gi fir Alternativen zu Freedefeier (z.B. Lasershow) op dësen ausgewisene Platzen ze weise fir dësem Brauch mat de Knupperte mat der Zäit e mi niddrege Stellewäert zoukommen ze loossen.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: D'Meenungen iwwer d'Freedefeier gi besonnesch weit ausernee soubal wei op Silvester privat Leit massiv Knupperte kafen an zünden. Di läscht Joren huet sech dëst souguer op Gemengenniveau erëmgespigelt, soudass munch Gemengen et verbidden an anerer net oder just ënner bestëmmte Bedingungen erlaben. Dëst ass keng adequat Léisung an dofir muss op nationalem Niveau eng Léisung hir. D'Grënn wisou et zu dëser Entwécklung koum, sinn Villfälteg. E.a. Knascht, Kaméidi, Geforen, verängschtegt Deieren, Ëmweltverschmotzung.