Publique n°1097

Pétitionnaire: / Eric Meyers et Luc Scholtes

Fir eng obligatoresch Visitt vun all Lycées-Schüler am fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert / Pour une visite obligatoire de chaque lycéen à l'ancien camp de concentration de Hinzert

But de la pétition

Fir datt all Schüler, deen zu Lëtzebuerg am enseignement secondaire ageschriwwen ass, virum Enn vun der obligatorescher Scolaritéit mat 16 Joer eng Kéier d'Gedenkstätt vum fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert besicht huet

Motivation de la pétition

Et gëtt geschat, datt 82 Lëtzebuerger tëscht 1941 an 1945 hiert Liewen am "SS-Sonderlager" Hinzert hu misse loossen, ënner anerem och eis Jongen, Bridder, Pappen, Bopien an Urgroussbopen, déi 1942 um Generalstreik deelgeholl hunn. Den Doud vun dëse Lëtzebuerger Helden dierf nimools vergiess ... plus

expiré  30.10.2018
76 /4.500
2%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
27.02.2019

Déclaration de clôture

14.02.2019

La pétition publique n°1097 est clôturée, le 14-02-2019

Motivation de la clôture: Demande de reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

09.01.2019

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

13.12.2018

Signatures électroniques validées: 76

13.12.2018

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°1097, le 13-12-2018 - Nombre de signatures après validation: 76

31.10.2018

La période de signature de la pétition publique n°1097 est clôturée, le 31-10-2018 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 76

18.09.2018

La pétition publique n°1097 est ouverte à signature, le 18-09-2018

17.09.2018

Déclaration de recevabilité

12.09.2018

La pétition publique n°1097 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 12-09-2018

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 18-09-2018 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 30-10-2018 à 23h59

12.09.2018

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1097, le 12-09-2018

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

06.09.2018

La pétition publique n°1097 est déposée, le 06-09-2018

Intitulé de la pétition: Fir eng obligatoresch Visitt vun all Lycées-Schüler am fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert / Pour une visite obligatoire de chaque lycéen à l'ancien camp de concentration de Hinzert

But de la pétition: Fir datt all Schüler, deen zu Lëtzebuerg am enseignement secondaire ageschriwwen ass, virum Enn vun der obligatorescher Scolaritéit mat 16 Joer eng Kéier d'Gedenkstätt vum fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert besicht huet

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Et gëtt geschat, datt 82 Lëtzebuerger tëscht 1941 an 1945 hiert Liewen am "SS-Sonderlager" Hinzert hu misse loossen, ënner anerem och eis Jongen, Bridder, Pappen, Bopien an Urgroussbopen, déi 1942 um Generalstreik deelgeholl hunn. Den Doud vun dëse Lëtzebuerger Helden dierf nimools vergiess ginn a mir, mee virun allem déi kommend Generatiounen, hunn d'Flicht dofir ze suergen, datt d'Geschicht sech net widderhëlt. Et dierf net vergiess ginn, datt méi wéi 1.500 Lëtzebuerger fir d'Fräiheet vum ganze Grand-Duché duerch d'Hinzerter Hell hu misse goen. Hinzert ass fir Lëtzebuerg also e ganz zentralen Erënnerungsuert a steet symbolesch fir d'Lëtzebuerger Leed am Zweete Weltkrich.

 

Elo wou et leider ëmmer manner Zäitzeie vun dësem däischtere Kapitel europäescher Geschicht wäert ginn, ass et ëmsou méi noutwenneg, dës a kommend Generatiounen un d'Vergaangenheet z'erënneren. Et muss een d'Wierder vum Philosoph George Santayana ernimmen, datt jiddereen, deen sech net un d'Vergaangenheet erënnere kann, riskéiert, se nach eng Kéier duerchliewen ze mussen. Fir datt sech esou e Leed ni méi widderhëlt muss d'Erënnerung héichgehale ginn.

 

Dës Visitt soll komplementar zum übleche Schoulcurriculum sinn. Lëtzebuerger Zäitzeie sollten och matabezu gi fir deene Jonken eng pädagogesch a visuell Visitt z'erméiglechen. Déi Jonk sollen och verstoen, datt hir Fräiheet an de Fridden an Europa net selbstverständlech, mee eng haart erkämpften Errongenschaft ass. Dowéinst soll de Besuch am fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert och dozou déngen, déi Jonk fir déi historesch Bedeitung vum Friddensprojet Europäesch Unioun ze sensibiliséieren. Nëmmen deen, deen d'Vergaangenheet kennt, kann och d'Géigewaart verstoen an d'Zukunft gestalten.