Pétitionnaire: Ronald Kwiatkowski
Ariichten a Promotioun vun engem ëffentlechen Täterpräventiounsdéngscht
But de la pétition
Den Uleies vun dëser Petitioun ass d'Ariichte vun engem permanenten Déngscht, bei deem sech Bierger anonym mëlle kënnen, wann se bei sech selwer Tendenzen zu illegalem sexuellem oder gewaltbereetem Verhale feststellen. Dësen Déngscht soll reng logistesch wierken, als accessibel an efficace Schnëttstell tëscht potentiellem Täter an adequater medezinescher Hëllef. Esou soll méi aktiv Täterpräventioun bedriwwe ginn, nom simpele Prinzip: wat mer méi potentiell Täter virum Akt opfänken, wat et manner Affer gëtt.
Motivation de la pétition
Haislech Gewalt a pedosexuell Akte gehéieren zu de gréisste Fléaue vun der Gesellschaft. Leider beschränken sech eis präventiv Methoden op Afferpräventioun ("Klamm a kee friemen Auto"). Anerersäits ass d'Bereetschaft vun der Gesellschaft natierlech grouss, no engem entspriechend trageschen Evenement - also wann et schonn ze spéit ass -, ze urdeelen an ze verdamen. Dat bréngt mat sech, dass e potentiellen Täter (een, deen nach net agéiert huet, awer un sech mierkt "dass eppes net stëmmt") evitéiert, em Rot ze froen. D'Famill versteet et net, a wat ass, wann den Dokter uerteelt? Etude weisen am Fall vun der Pedosexualitéit, dass et virun illegalen Akten eng laang Zäit virdru gëtt, déi gekennzeechent ass vu Gewëssenskonflikter a mentaler Reorientéierung. Och am Fall vun haislecher (oder anerer) Gewalt ginn et beim (potentiellen) Täter Phase vun ziviller Luciditéit a Konflikt mat sech selwer. Et ass dee Moment, wou d'Gesellschaft dem potentiellen Täter muss en Auswee bidden, deen en net ze fäerte brauch. Dat kann eng Telefonsnummer sinn, eng E-Mail-Adress, en anonymiséierte Bureau. Wat wichteg ass, ass, dass de potentiellen Täter weess, dass et an Auswee gëtt, dass d'Gesellschaft him esou ee bidde kann. Deementspriechend muss esou en Déngscht gutt promovéiert ginn. E gutt Beispill heifir ass d'Aktioun vun der Berliner Charité-Klinik, déi TV-Spotten ënnert dem Thema "Sind Ihnen Kinder lieber als Ihnen lieb sind?" geschalt huet. Et kéint een esou eng "Helpline fir potentiell Täter" zum Beispill "b-4" (also aussokräfteg "before") nennen, duerchaus "catchy", fir eng maximal Reconnaissance. Genee wéi Helplines fir Kanner, suizidär Leit oder geschloe Fraen, sollte mer eng Helpline ubidde fir Leit, déi - falls se eleng gelooss ginn - déi aner Helplines néideg maachen. Eng Approche vun zwou Fronten. Zum Zweck Afferzuelen ze reduzéieren, a "verierte" Leit erëm op de richtegen, ziville Wee ze bréngen. Den Déngscht soll wéi gesot virun allem logistesch schaffen, an déi entspriechend Patienten den entspriechende medezinesche Kapassitéiten zougefouert ginn. Och gëtt virgeschloen, dass sech eis Medezin mat entspriechenden auslännesche Programme befaasst, fir modern an adequat Behandlung vun dëse (statistesch dach ganz relevante) "Gesellschaftskrankheeten" ze erméiglechen.
Les étapes de cette pétition
Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire
Signatures électroniques validées: 63
Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°731, le 10-01-2017 - Nombre de signatures après validation: 63
La période de signature de la pétition publique n°731 est clôturée, le 28-12-2016 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 63
La pétition publique n°731 est ouverte à signature, le 15-11-2016
La pétition publique n°731 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 10-11-2016
Recevabilité: recevable
Date de début de la période de signature: 15-11-2016 à 0h00
Date de fin de la période de signature: 27-12-2016 à 23h59
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°731, le 10-11-2016
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
La pétition publique n°731 est déposée, le 25-10-2016
Intitulé de la pétition: Ariichten a Promotioun vun engem ëffentlechen Täterpräventiounsdéngscht
But de la pétition: Den Uleies vun dëser Petitioun ass d'Ariichte vun engem permanenten Déngscht, bei deem sech Bierger anonym mëlle kënnen, wann se bei sech selwer Tendenzen zu illegalem sexuellem oder gewaltbereetem Verhale feststellen. Dësen Déngscht soll reng logistesch wierken, als accessibel an efficace Schnëttstell tëscht potentiellem Täter an adequater medezinescher Hëllef.
Esou soll méi aktiv Täterpräventioun bedriwwe ginn, nom simpele Prinzip: wat mer méi potentiell Täter virum Akt opfänken, wat et manner Affer gëtt.
Motivation de l'intérêt général de la pétition: Haislech Gewalt a pedosexuell Akte gehéieren zu de gréisste Fléaue vun der Gesellschaft. Leider beschränken sech eis präventiv Methoden op Afferpräventioun ("Klamm a kee friemen Auto"). Anerersäits ass d'Bereetschaft vun der Gesellschaft natierlech grouss, no engem entspriechend trageschen Evenement - also wann et schonn ze spéit ass -, ze urdeelen an ze verdamen.
Dat bréngt mat sech, dass e potentiellen Täter (een, deen nach net agéiert huet, awer un sech mierkt "dass eppes net stëmmt") evitéiert, em Rot ze froen. D'Famill versteet et net, a wat ass, wann den Dokter uerteelt? Etude weisen am Fall vun der Pedosexualitéit, dass et virun illegalen Akten eng laang Zäit virdru gëtt, déi gekennzeechent ass vu Gewëssenskonflikter a mentaler Reorientéierung. Och am Fall vun haislecher (oder anerer) Gewalt ginn et beim (potentiellen) Täter Phase vun ziviller Luciditéit a Konflikt mat sech selwer. Et ass dee Moment, wou d'Gesellschaft dem potentiellen Täter muss en Auswee bidden, deen en net ze fäerte brauch. Dat kann eng Telefonsnummer sinn, eng E-Mail-Adress, en anonymiséierte Bureau. Wat wichteg ass, ass, dass de potentiellen Täter weess, dass et an Auswee gëtt, dass d'Gesellschaft him esou ee bidde kann. Deementspriechend muss esou en Déngscht gutt promovéiert ginn. E gutt Beispill heifir ass d'Aktioun vun der Berliner Charité-Klinik, déi TV-Spotten ënnert dem Thema "Sind Ihnen Kinder lieber als Ihnen lieb sind?" geschalt huet.
Et kéint een esou eng "Helpline fir potentiell Täter" zum Beispill "b-4" (also aussokräfteg "before") nennen, duerchaus "catchy", fir eng maximal Reconnaissance. Genee wéi Helplines fir Kanner, suizidär Leit oder geschloe Fraen, sollte mer eng Helpline ubidde fir Leit, déi - falls se eleng gelooss ginn - déi aner Helplines néideg maachen. Eng Approche vun zwou Fronten. Zum Zweck Afferzuelen ze reduzéieren, a "verierte" Leit erëm op de richtegen, ziville Wee ze bréngen.
Den Déngscht soll wéi gesot virun allem logistesch schaffen, an déi entspriechend Patienten den entspriechende medezinesche Kapassitéiten zougefouert ginn. Och gëtt virgeschloen, dass sech eis Medezin mat entspriechenden auslännesche Programme befaasst, fir modern an adequat Behandlung vun dëse (statistesch dach ganz relevante) "Gesellschaftskrankheeten" ze erméiglechen.