Pétitionnaire: Claude Hilbert
Fir eng Begrenzung vun der Lautstärkt vun der Musik an den Discoën, Clubs, Bars an op de Baler - Pour la limitation du volume de la musique dans les discothèques, clubs, bars et durant les bals
But de la pétition
D'Zieler vun dëser Petitioun dierften wuel jidderengem kloër sinn. Folgend Virdeeler entstinn duerch eng Reglementatioun vun der Maximallautstärkt vun der Musik: 1. Et kann een rëm normal mat aneren Leit schwätzen, ouni sech géigesäitig an d'Ouer bierelen ze mussen. 2. Et ass een nit hees, wann een heem geet. 3. Et huet een keen Tinnitus, wann een heem geet. 4. Et vermeid een, dass d'Hörapparater an 10 Joër deeselwichte Kultstatus erreechen, wéi dëser Deeg d'Smartphones, an sou d'Gesondheetskees schounen. Folgend Nodeeler entstinn duerch eng Reglementatioun vun der Maximallautstärkt vun der Musik: Iwwerhaapt keng. An anere Wieder: op déi Plazen wou een eigentlich higeet, fir sozial Kontakter ze knäppen, ass eben genau dat nit méiglich wéinst der iwwerdriwwener Lautstärkt vun der Musik. Dofir mäin Appell un all déi Jonk, déi sech derzäit op sou Plazen ophalen, an un deenen hier Elteren, huelt iech 2 Minutten an maacht dauerhaft eppes fir är Gesondheet, respektiv fir déi vun äre Kanner.
Les étapes de cette pétition
Reclassement de la pétition publique, n'ayant pas atteint le seuil de 4500 signatures, en pétition ordinaire n°418, le 15-12-2014
Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°418, le 15-12-2014 - Nombre de signatures après validation: 83
La période de signature de la pétition publique n°418 est clôturée, le 06-12-2014 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 84
La pétition publique n°418 est ouverte à signature, le 24-10-2014
La pétition publique n°418 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 23-10-2014
Recevabilité: recevable
Date de début de la période de signature: 24-10-2014 à 0h00
Date de fin de la période de signature: 05-12-2014 à 23h59
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°418, le 16-10-2014
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
La pétition publique n°418 est déposée, le 05-08-2014
Intitulé de la pétition: Fir eng Begrenzung vun der Lautstärkt vun der Musik an den Discoën, Clubs, Bars an op de Baler - Pour la limitation du volume de la musique dans les discothèques, clubs, bars et durant les bals
But de la pétition: D'Zieler vun dëser Petitioun dierften wuel jidderengem kloër sinn. Folgend Virdeeler entstinn duerch eng Reglementatioun vun der Maximallautstärkt vun der Musik:
1. Et kann een rëm normal mat aneren Leit schwätzen, ouni sech géigesäitig an d'Ouer bierelen ze mussen.
2. Et ass een nit hees, wann een heem geet.
3. Et huet een keen Tinnitus, wann een heem geet.
4. Et vermeid een, dass d'Hörapparater an 10 Joër deeselwichte Kultstatus erreechen, wéi dëser Deeg d'Smartphones, an sou d'Gesondheetskees schounen.
Folgend Nodeeler entstinn duerch eng Reglementatioun vun der Maximallautstärkt vun der Musik: Iwwerhaapt keng.
An anere Wieder: op déi Plazen wou een eigentlich higeet, fir sozial Kontakter ze knäppen, ass eben genau dat nit méiglich wéinst der iwwerdriwwener Lautstärkt vun der Musik. Dofir mäin Appell un all déi Jonk, déi sech derzäit op sou Plazen ophalen, an un deenen hier Elteren, huelt iech 2 Minutten an maacht dauerhaft eppes fir är Gesondheet, respektiv fir déi vun äre Kanner.