Ordinaire n°340

Pétitionnaire: Nora Schleich

Contre l'élevage et l'utilisation des animaux au cirque

But de la pétition

Il s'agit de sensibiliser aux conditions terribles que les animaux du cirques doivent subir pour ne rien que notre plaisir Et as net oofzestreiden, dat Zirkusdéieren an engem haarden Business doheem mussen sen. Oftmools mussen si an absolut miserabelen Konditiounen hiert Dasein fristen. D'Prioritéit vun der aartgerechter Haltung ass an deem Milieu sëcher vergiess oder KANN mol guer net erfëllt gin. Et as nimols am Sënn vun engem Déier, sief et exotesch oder och net, fier als éischt an enger Remorque oder Ähnlechem am Wochenrhythmus hin an hier gefouert ze gin. Stress, Nervositéit an Angscht sen Gemittszoustänn, déi d' Déier op dësem Wee begleeden. Gefroot, op et dat hinhuelen wéilt, gouf et net. Den Mënsch huet décideiert. Wann déi ugestrieften Destinatioun dann schlussendlech erreecht gouf, geet den Stress fier den Tiger oder d’Zebra virun: En enken Käfeg, op enger Plaaz déi em gänzlech friem ass, soll elo sain „Ort der Ruhe“ fier déi nächst Deeg sen. Eng friem Plaaz, friem Gerëcher, aner Leit, an Kaméidi? En plus ass et och do nees net méiglech déi optimal Infrastrukturen ze schafen, déi dem Tiger-Dasein gereicht kéinten gin. Doriwwer hinaus, an un sech géif dat sënnlost an nervenzerräissend hin an hier Gejaabels eigentlech schon Grond genug sin fier en Verbuet auszeschwätzen - geet et nach wieder, oder besser gesoot, elo emol réicht richteg lass. Fier dat den Zirkus-Client, den Konsument, richteg op seng Käschten kommen kann, an een extravagant, exotëscht an doriwer hinaus onvergiesslëcht Spektakel präsentéiert kann kréien, muss dat – sou aussergewéinlech wéi méiglecht – Déier allerlee Lektiounen an Konschtstécker am Petto hun. Et as wuel méiglech, dat een Déier Spaass um Léieren an Ausféieren kann hun, mee soubaal et dorëm geet, daat den Trick esou séier wéi méiglech, esou gudd wéi méiglech an esou oofruffbar wéi méiglech MUSS sin – den „muss“ well et em d’Geld geet wat herno bei gelongener Opféierung an d’Keesen kennt – dann verännert sech d’Grondmotiv dovun, wéisou mier engem Déier iwerhapt eppes bäibrengen. Et geet em den Pläséier vum Konsument. Et geet also nët méi drëm, dem Déier Spaass an Freed ze bereeden, an deems mer mat him Spillen an Laachen, an och just daat als Haaptgrond hun. Et geet em Drock an Mussen. Am Zirkus geet et drëm, Geld ze machen, an méiglechst vill Leit unzelackelen, déi bereed sen, ze bezuelen. An dofier muss d’Zirkusdéier funktionnéieren. Et muss wéi en Film oofspillbar sin, et därf keng Patzer machen, an, rieden mer nët ëm den Bräi rondrëm, fier dat ze ereechen gräifen d’Traineren an dësem Gebitt haapt

Cette pétition publique n’a pas atteint le seuil de 4.500 signatures. A la demande du pétitionnaire, elle a été transformée en pétition ordinaire. Voir pétition publique.

Les étapes de cette pétition

Icon process
02.01.2015

Lettre de M. Stéphane Decker au Ministre de l'Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs

10.11.2014

La pétition ordinaire n°340 est clôturée, le 10-11-2014

08.09.2014

Transmission de la prise de position gouvernementale et demande de clôture

02.09.2014

Une prise de position au sujet de la pétition ordinaire n°340 est disponible, le 02-09-2014

Ministre(s): Monsieur Fernand Etgen, Ministre de l'Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des Consommateurs

19.08.2014

Une prise de position au sujet de la pétition ordinaire n°340 est disponible, le 19-08-2014

Ministre(s):

16.07.2014

Une prise de position est demandée au sujet de la pétition ordinaire n°340, le 16-07-2014

Ministre(s): Monsieur Fernand Etgen, Ministre de l'Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des Consommateurs

Demande de prise de position au Ministre de l'Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des Consommateurs Demande de prise de position au Ministre de l'Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des Consommateurs
16.07.2014

Une prise de position est demandée au sujet de la pétition ordinaire n°340, le 16-07-2014

Ministre(s):

Demande de prise de position au Ministre de l'Economie Demande de prise de position au Ministre de l'Economie
16.07.2014

Information au pétitionnaire sur le reclassement de sa pétition publique en pétition ordinaire

14.07.2014

Transformation de la pétition publique n°340 nayant pas atteint le seuil de signature