Pétitionnaire: Romy Karier
Fir eng sécher an direkt Verkéiersubannung vun der N10 un d’N7 zu Maarnich beim Geschäftszenter
But de la pétition
Nodeems scho puermol schwéier Accidenter op der Kräizung N7/N10 geschitt sinn, soll d’Verkéierssécherheet vun der N7 op d’N10 erhéicht ginn. Et soll eng onmëssverständlech Verkéiersféierung geschaaft ginn, ouni Linksabbieger, ouni onnéideg Ëmweeër an domat ouni onéideg vill Verkéier duerch d’Uertschaft. Déi nei Verkéierssituatioun soll: - d’Konfliktpotential N7/N10 erofsetzen duerch eng onkomplizéiert an onmëssverständlech Verkéiersféierung (z.B. duerch ee Giratoire an deem eng Frontalkollisioun kaum nach méiglech ass) - duerch direkt a kuerz Weeër d’Falschfueren ënnerbannen (keng onnéideg Deviatiounen, wéi z.B. haut wou een 2,8 km Ëmwee muss fueren, wann een aus dem Geschäftszenter iwwer d'N7 a Richtung Housen wëllt fueren) - d‘Vitesse vum Verkéier vun der Kräizung N7/N10 esou adaptéieren, dass d’Foussgänger op der N10 sëcher kënnen d’Strooss passéieren (hei kommen d’Autoen oft ze schnell vun der N7 op d’N10 an et koum schon ëfters zu enger kritescher Situatioun um Foussgängeriwwergank) - keen N7-Verkéier an d‘Uertschaft zéien (méiglechst wéineg Verkéier iwwer d’Bombatsch). Vermeiden vun Schwéiergefierer op den Ofbéiungen N18/ Bombatsch an N18/ N7 (dëst sinn zwou Kéieren vun iwwer 140° déi e Camion nëmme mat vill Zäit- a Platzopwand ka fueren)
Motivation de la pétition
D’Kräizung N7/N10 huet eng iwwerregional Bedeitung an engem CDA-r (centre de développement et d’attraction régional). Si ass d’Ubannung ënner anerem vun de Gemengen Cliärref, Wëntger, Kiischpelt, a Wolz un d’N7. Iwwer dës Kräizung gëtt eng grouss Aktivitéitszone un d’N7 ugebonn. Dës Kräizung brauch eng méi héich Verkéierssécherheet.
Les étapes de cette pétition
Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire
Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°1301, le 18-09-2019 - Nombre de signatures après validation: 388
Signatures papier validées: 80
Signatures électroniques validées: 308
La période de signature de la pétition publique n°1301 est clôturée, le 02-08-2019 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 308
La pétition publique n°1301 est ouverte à signature, le 21-06-2019
Déclaration de recevabilité
La pétition publique n°1301 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 20-06-2019
Recevabilité: recevable
Date de début de la période de signature: 21-06-2019 à 0h00
Date de fin de la période de signature: 02-08-2019 à 23h59
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1301, le 19-06-2019
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
La pétition publique n°1301 est déposée, le 03-06-2019
Intitulé de la pétition: Fir eng sécher an direkt Verkéiersubannung vun der N10 un d’N7 zu Maarnich beim Geschäftszenter
But de la pétition: Nodeems scho puermol schwéier Accidenter op der Kräizung N7/N10 geschitt sinn, soll d’Verkéierssécherheet vun der N7 op d’N10 erhéicht ginn. Et soll eng onmëssverständlech Verkéiersféierung geschaaft ginn, ouni Linksabbieger, ouni onnéideg Ëmweeër an domat ouni onéideg vill Verkéier duerch d’Uertschaft.
Déi nei Verkéierssituatioun soll:
- d’Konfliktpotential N7/N10 erofsetzen duerch eng onkomplizéiert an onmëssverständlech Verkéiersféierung (z.B. duerch ee Giratoire an deem eng Frontalkollisioun kaum nach méiglech ass)
- duerch direkt a kuerz Weeër d’Falschfueren ënnerbannen (keng onnéideg Deviatiounen, wéi z.B. haut wou een 2,8 km Ëmwee muss fueren, wann een aus dem Geschäftszenter iwwer d'N7 a Richtung Housen wëllt fueren)
- d‘Vitesse vum Verkéier vun der Kräizung N7/N10 esou adaptéieren, dass d’Foussgänger op der N10 sëcher kënnen d’Strooss passéieren (hei kommen d’Autoen oft ze schnell vun der N7 op d’N10 an et koum schon ëfters zu enger kritescher Situatioun um Foussgängeriwwergank)
- keen N7-Verkéier an d‘Uertschaft zéien (méiglechst wéineg Verkéier iwwer d’Bombatsch). Vermeiden vun Schwéiergefierer op den Ofbéiungen N18/ Bombatsch an N18/ N7 (dëst sinn zwou Kéieren vun iwwer 140° déi e Camion nëmme mat vill Zäit- a Platzopwand ka fueren)
Motivation de l'intérêt général de la pétition: D’Kräizung N7/N10 huet eng iwwerregional Bedeitung an engem CDA-r (centre de développement et d’attraction régional). Si ass d’Ubannung ënner anerem vun de Gemengen Cliärref, Wëntger, Kiischpelt, a Wolz un d’N7. Iwwer dës Kräizung gëtt eng grouss Aktivitéitszone un d’N7 ugebonn. Dës Kräizung brauch eng méi héich Verkéierssécherheet.