Publique n°2623

Pétitionnaire: Gérard Koneczny

En eventuellen Iwwerschoss vum Budget 2023 a Bau Moosnamen fir de Logement investéieren an net a Steier Moossnamen déi just kuerzfristeg géifen wierken.

But de la pétition

Et ass schonns verwonnerlech dass ons Regierung esou kuerz virun de Walen feststellt dass se 500.000.000€ am Budget méi huet wéi geplangt, an déi elo dem Steierzueler iwwert verschidde Mossnamen wéi zum Beispill e “Crédit Impôt” erëm wëll ginn. Esou Mossnamen hu leider viru Walen e “battere ... plus

Motivation de la pétition

Déi Leit, déi mam Mindestloun oder e bëssi driwwer musse liewen, egal ob et de kalifzéierten ass oder net hu Problemer "dezent" ze liewen wann se e Loyer vun bis 1.800€ missten bezuelen. D’Moyenne vun engem Loyer am Land läit 2022 bei 1479€; dêst laut «Observatoir de l’Habitat.» Ronderëm ... plus

expiré  24.04.2023
12 /4.500
0%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
28.06.2023

Déclaration de clôture

26.06.2023

La pétition publique n°2623 est clôturée, le 26-06-2023

Motivation de la clôture: Suite au souhait du pétitionnaire en faveur d'une clôture de sa pétition publique

10.05.2023

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

10.05.2023

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°2623, le 10-05-2023 - Nombre de signatures après validation: 12

10.05.2023

Signatures électroniques validées: 12

25.04.2023

La période de signature de la pétition publique n°2623 est clôturée, le 25-04-2023 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 12

14.03.2023

La pétition publique n°2623 est ouverte à signature, le 14-03-2023

13.03.2023

Déclaration de recevabilité

13.03.2023

La pétition publique n°2623 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 13-03-2023

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 14-03-2023 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 24-04-2023 à 23h59

10.03.2023

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2623, le 10-03-2023

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

31.01.2023

La pétition publique n°2623 est déposée, le 31-01-2023

Intitulé de la pétition: En eventuellen Iwwerschoss vum Budget 2023 a Bau Moosnamen fir de Logement investéieren an net a Steier Moossnamen déi just kuerzfristeg géifen wierken.

But de la pétition: Et ass schonns verwonnerlech dass ons Regierung esou kuerz virun de Walen feststellt dass se 500.000.000€ am Budget méi huet wéi geplangt, an déi elo dem Steierzueler iwwert verschidde Mossnamen wéi zum Beispill e “Crédit Impôt” erëm wëll ginn. Esou Mossnamen hu leider viru Walen e “battere Bäigeschmaach”.

 

Et wier méi sënnvoll déi Suen a BauMossnamen ze investéieren. Mat 500.000.000€ kéint de Staat an den nächsten 2 Joer uechter d'Land op Gemengen- an / oder StaatsTerrain Logementer bauen fir déi aktuell Logementskriis lues a lues an de Grëff ze kréien. Mat deenen Suen kéint een an d'Zukunft investéieren, eng Zukunft fir ons Kanner.

Wëll jo keen Bauterrain muss bezuelt ginn, wier et méiglech e soziale Loyer ze froen. Hien misst sech nom Verdéngscht riichten. En Deel vun deenen Haiser kéint och am Sënn vu Fraen-Haiser oder anere sozialen Ariichtunge gebaut ginn. Dëst wier e weidere Schrëtt an eng sozial Richtung.

 

Déi Haiser / Appartementer sollen a staatlecher Hand bleiwen an d’Gemenge sollen déi zesumme verwalten. Domat géif de Staat an Zukunft investéieren, wëll doduerch Loyer erakënnt mat deem weider Haiser / Appartementer kënne gebaut ginn.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Déi Leit, déi mam Mindestloun oder e bëssi driwwer musse liewen, egal ob et de kalifzéierten ass oder net hu Problemer "dezent" ze liewen wann se e Loyer vun bis 1.800€ missten bezuelen.

D’Moyenne vun engem Loyer am Land läit 2022 bei 1479€; dêst laut «Observatoir de l’Habitat.» Ronderëm d’Stad kann en och schonns mol bis op 1.800€ eropgoen.

Daat si ganz vill Suen fir een deen just de Mindestloun oder e bëssi driwwer verdéngt. Do muss all Mount de „leschten €“ 3 mol ëmgedréit ginn. Fir Familljen mat vill Kanner ass et esouguer esou schwéier eng Wunneng ze fannen esou dass se dacks an d’Ausland wunne ginn.

 

Déi Suen déi eng „Mëttelschicht» ab engem gewësse Revenue iwwert Steier Mesuren zeréck géif kréien brauch déi Suen net. Fir déi aus der Mëttelschicht, déi ënnert esou engem Revenue léien bréngen déi Mesuren net vill. Vun deene Léit déi mol net zur Mëttelschicht gehéieren kënne mir mol net schwätzen. Eng Definitioun vun enger « Mëttelschicht » gëtt et leider net ; déi eng mengen mat 100.000€ wier een nach dobäi, déi aner soen dass e mat 50.000€ schonns net méi dozou gehéiert.

 

Dofir, de SteierIwwerschoss vun 2023 soll an Bau Moossnamen investéiert ginn. Duerch esou Bau Mossnahmen géif den Drock um LokatiounsMarchée méi kleng. esou dat do d'Loyer’en och kéinten erof goen. De Bausecteur géif ganz vill dovun profitéieren.

Mat ( engem Deel vun ) de Suen aus deem Loyer kann een weider an Haiser / Appartementer investéieren.

An engem Staat dat sech dat Wuert “sozial” op de “Fändel” geschriwwen huet muss eng “Mëtteschicht” sech och mol solidaresch weisen mat de sozial Schwaachen an op eppes verzichten.