Publique n°2566

Pétitionnaire: Carla Carvalho Almeida

Pour un enseignement axé sur les besoins de nos enfants. Fir en Enseignement deen d'Besoinen vun eisen Kanner wouer hëlt.

But de la pétition

D'Haaptzil vun der Petitioun ass d'Zuel vun de Kanner pro Klass an der Grondschoul ze reduzéieren. Et ass wichteg, dat den Titulaire sein Unterrecht esou kann gestalten, dat hien den Bedürfnisser an den individuellen Ënnerscheeder vun den Kanner kann gerecht ginn. Am Moment ass d'Method fir ... plus

Motivation de la pétition

An deene 16 Joer wou ech mat Kanner schafen hunn ech bedeitend Ännerungen an der Betreiung bemierkt. D'Entrée an d'Crèche geschitt ëmmer méi fréi a dëst och fir méi laang Perioden. Als Resultat schéngt d'Famill net méi déi eenzeg Plaz vun der primärer Sozialiséierung ze sinn. D'Schoul spillt ... plus

expiré  27.02.2023
4753 /4.500
100%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
28.03.2023

Un débat public en commission a eu lieu le 28-03-2023 au sujet de la pétition publique n°2566

10.03.2023

Signatures papier validées: 114

10.03.2023

Le seuil des 4500 signatures est atteint pour la pétition publique n°2566, le 10-03-2023

10.03.2023

Signatures électroniques validées: 4639

28.02.2023

La période de signature de la pétition publique n°2566 est clôturée, le 28-02-2023 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 4697

17.01.2023

La pétition publique n°2566 est ouverte à signature, le 17-01-2023

16.01.2023

Déclaration de recevabilité

12.01.2023

La pétition publique n°2566 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 12-01-2023

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 17-01-2023 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 27-02-2023 à 23h59

11.01.2023

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2566, le 11-01-2023

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

22.12.2022

La pétition publique n°2566 est déposée, le 22-12-2022

Intitulé de la pétition: Pour un enseignement axé sur les besoins de nos enfants.

 

Fir en Enseignement deen d'Besoinen vun eisen Kanner wouer hëlt.

But de la pétition: D'Haaptzil vun der Petitioun ass d'Zuel vun de Kanner pro Klass an der Grondschoul ze reduzéieren. Et ass wichteg, dat den Titulaire sein Unterrecht esou kann gestalten, dat hien den Bedürfnisser an den individuellen Ënnerscheeder vun den Kanner kann gerecht ginn.

Am Moment ass d'Method fir d'Schoulorganisatioun déi vum Contingent. Dës Method ass ganz komplex a mécht et leider net ëmmer méiglech d'Klassen an enger Schoulorganisatioun esou ze gestalten dat d'Klassen eng harmonesch Klassegreisst hunn. Dës Petitioun soll also ouni Ausnamen d'Klassegréisst op maximal 16 Schüler pro Klass reduzéieren.

D'Gréisst vun enger Klass ass e wesentleche Faktor fir en qualitativ

héichwäertegen Unterrecht.

Dobäi soll d'Petitioun och d'Organisatioun vum Cycle 1 nei iwwerdenken. Wéi am Precoce soll den Titulaire mat engem Educateur zesummen schaffen fir ob d'Bedürfnisser vun den Kanner kennen anzegoen an déi wësentlech Ënnerscheeder an déier Altersspalt (4-6Joer) kennen obzefänken.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: An deene 16 Joer wou ech mat Kanner schafen hunn ech bedeitend Ännerungen an der Betreiung bemierkt. D'Entrée an d'Crèche geschitt ëmmer méi fréi a dëst och fir méi laang Perioden. Als Resultat schéngt d'Famill net méi déi eenzeg Plaz vun der primärer Sozialiséierung ze sinn.

D'Schoul spillt eng wesentlech Roll an deene verschidde Léierprozesser vun de Kanner. Et ass net nëmmen eng Iwwerdroung vu Wëssen. D'Roll vun den Enseignanten huet sech an der leschter Zäit staark verännert. Et ass also wichteg dat d'Enseignanten an hierer Aufgab esou gutt wéi méiglech ënnerstëtzt ginn. Et soll een Aarbechtskonditioune schafen déi et erméiglechen d'Erausfuerderungen am Alldag ze meeschteren.

Zu dësen Zäiten ass et wichteg déi pedagogesch Approchen an d'Moyenen an eisem Schoulsystem ze iwwerpréiwen. Wa mir Kanner an hiren Léierprozesser wëllen ënnerstëtzen, musse mir e System opbauen, dee d'Besoinen vun den Kanner wouer hellt an och kann gerecht ginn.

 

D'Aféieren vum Contingent huet den Educatiounssecteur éischter ënnergruewen wéi gestäerkt. Et ass wichteg e Kader ze setzen deen eng méi individuell Approche erlaabt.

D'Fro déi sech stellt ass och ob den Manktem un qualifizéiertem Schoulpersonal net och un deenen aktuellen Aarbechtskonditiounen leit?