Pétitionnaire: Jennifer in't Groen
Beschäftegungsvertrag mat Schüler/-innen a Student/-innen och ausserhalb vun Schoulvakanzen méiglech maachen.
But de la pétition
Student/-innen a Schüler/-inne sollen op fräiwëlleger Basis och ausserhalb vun hire Schoulvakanzen duerfe vir ee Patron schaffen. Dëst ënnert engem Beschäftegungsvertrag an net ënnert engem Aarbechtsvertrag. Si sollen d'Méiglechkeet hunn sech eppes ze verdéngen, ouni ënnert engem Kontrakt ... plus
Motivation de la pétition
Bis ewell duerfe Student/-innen a Schüler/-innen NET ënnert engem Beschäftegungsvertrag ausserhalb vu Schoulvakanze schaffen. Weekends ginn et vill Méiglechkeeten a ville verschiddene Branchen ze schaffen, bei deenen een och ausserhalb vu Schoulvakanze gutt gebraucht ka ginn. Vir de Betrib ... plus
Les étapes de cette pétition
Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°2550, le 10-05-2023 - Nombre de signatures après validation: 426
Signatures électroniques validées: 426
Nombre de signatures sur papier avant validation: 47
La période de signature de la pétition publique n°2550 est clôturée, le 28-02-2023 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 426
La pétition publique n°2550 est ouverte à signature, le 17-01-2023
Déclaration de recevabilité
La pétition publique n°2550 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 12-01-2023
Recevabilité: recevable
Date de début de la période de signature: 17-01-2023 à 0h00
Date de fin de la période de signature: 27-02-2023 à 23h59
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2550, le 11-01-2023
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
La pétition publique n°2550 est déposée, le 04-12-2022
Intitulé de la pétition: Beschäftegungsvertrag mat Schüler/-innen a Student/-innen och ausserhalb vun Schoulvakanzen méiglech maachen.
But de la pétition: Student/-innen a Schüler/-inne sollen op fräiwëlleger Basis och ausserhalb vun hire Schoulvakanzen duerfe vir ee Patron schaffen. Dëst ënnert engem Beschäftegungsvertrag an net ënnert engem Aarbechtsvertrag.
Si sollen d'Méiglechkeet hunn sech eppes ze verdéngen, ouni ënnert engem Kontrakt musse Steieren, Krankenkeessbäitreeg asw. ofzegi soulaang si nach léieren oder studéieren.
Motivation de l'intérêt général de la pétition: Bis ewell duerfe Student/-innen a Schüler/-innen NET ënnert engem Beschäftegungsvertrag ausserhalb vu Schoulvakanze schaffen. Weekends ginn et vill Méiglechkeeten a ville verschiddene Branchen ze schaffen, bei deenen een och ausserhalb vu Schoulvakanze gutt gebraucht ka ginn. Vir de Betrib ass et oft schwiereg Personal ze fannen déi just vir eng kuerz Dauer schaffe wëllen.
Student/-innen a Schüler/-inne kënne vir dës Branchen ee Manktem u Personal opfänken, an an engems eppes verdéngen, ouni doriwwer Ofgaben ze musse leeschten.
Et ass vir Student/-innen a Schüler/-innen oninteressant ee Contrat à durée déterminée ofzeschléisse wann si nach am Studiengang sinn. De Beschäftegungsvertrag erlaabt et hinnen d'Konzentratioun op dem Studium ze halen, an awer schaffen ze kënnen.