Publique n°2007

Pétitionnaire: Gérard Koneczny

E Referendum iwwert ons Verfassungsreform

But de la pétition

Ziel vun dëser Petitioun ass dat d'REGIERUNG oder d'CHAMBER e Referendum iwwer d'Verfassungsreform organiséiere soll, an domat d'Wieler iwwer déi nei Verfassung décidéiere léisst. Déi dräi Koalitiounsparteien, d'CSV an d'ADR haten esou e Referendum virun de Wahlen 2018 versprach. Et wier e ... plus

Motivation de la pétition

D'Verfassung betrëfft déi ganz Populatioun an all Wieler, an ass dat wichtegst Gesetz am Land. Eng Ännerung vun der Verfassung kann eist Land grondleeënd veränneren. Beispillsweis sollen hei just e puer Theme genannt ginn: - Politesch Staatsziler: - Duerch d'Aschreiwe vu politesche ... plus

expiré  08.11.2021
18645 /4.500
100%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
25.11.2021

Un débat public en commission a eu lieu le 25-11-2021 au sujet de la pétition publique n°2007

17.11.2021

Le seuil des 4500 signatures est atteint pour la pétition publique n°2007, le 17-11-2021

17.11.2021

Signatures papier validées: 833

17.11.2021

Signatures électroniques validées: 17812

09.11.2021

La période de signature de la pétition publique n°2007 est clôturée, le 09-11-2021 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 18579

28.09.2021

La pétition publique n°2007 est ouverte à signature, le 28-09-2021

28.09.2021

Déclaration de recevabilité

24.09.2021

La pétition publique n°2007 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 24-09-2021

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 28-09-2021 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 08-11-2021 à 23h59

22.09.2021

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2007, le 22-09-2021

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

17.09.2021

La pétition publique n°2007 est déposée, le 17-09-2021

Intitulé de la pétition: E Referendum iwwert ons Verfassungsreform

But de la pétition: Ziel vun dëser Petitioun ass dat d'REGIERUNG oder d'CHAMBER e Referendum iwwer d'Verfassungsreform organiséiere soll, an domat d'Wieler iwwer déi nei Verfassung décidéiere léisst.

Déi dräi Koalitiounsparteien, d'CSV an d'ADR haten esou e Referendum virun de Wahlen 2018 versprach.

Et wier e Vertrauensbroch, wann d'Koalitiounsparteien hiert Verspriechen net géifen anhalen. Wei kéint een denen dann nach trauen?

De Lëtzebuerger Wieler soll am Detail an objektiv erkläert kréien wat sech duerch déi Verfaassungsreform ännert. Dëst an den 3 ofizielle Sproochen.

 

Motivation de l'intérêt général de la pétition: D'Verfassung betrëfft déi ganz Populatioun an all Wieler, an ass dat wichtegst Gesetz am Land. Eng Ännerung vun der Verfassung kann eist Land grondleeënd veränneren.

Beispillsweis sollen hei just e puer Theme genannt ginn:

- Politesch Staatsziler: - Duerch d'Aschreiwe vu politesche Staatsziler ass de Risiko verbonnen, datt biergerlech Grondrechter ageschränkt ginn.

- Dérogation non excessif: - Wéi ass dee Begrëff "dérogation non excessive " beim Aussetzen vun Verfaassungsrechter ze interpretéieren?

- Monarchie: - De Lëtzebuerger soll entscheeden op en eng Reform vun der Monarchie wëll an op dëss nei Verfassung net a Richtung vun enger schrëttweiser Ofschafung vun der Monarchie duerch d'Hannerdier wëll goen. Mir erënneren eis un de Referendum vun 1919!

- D'Rechter vun der Famill a vun de Kanner: - De Lëtzebuerger Wieler soll kënnen entscheeden, ob en de Schutz vun der Famill an der mënschlecher Persoun duerch déi nei Verfassung wëll änneren oder net. - De Lëtzebuerger soll entscheeden, ob déi nei Verfassung d'Rechter vun de Kanner an d'Recht vun den Elteren fir hir Kanner selwer ze erzéien genuch schützt oder net. - De Lëtzebuerger soll entscheeden op et e "Recht op e Kand" soll ginn an ob d'Recht op d'Liewen net och misst an der Verfassung stoen.