Pétitionnaire: Claude Feltgen
Schülerinnen a Schüler raus aus dem Beruffstraffic! Lycéeën eng Stonn méi spéit ufänke loossen
But de la pétition
D'Lycéeë sollen am ganze Land Moies eng gutt Stonn méi spéit ewéi aktuell ufänken.
Motivation de la pétition
Ee vun de gréisste Problemer am Effentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass, datt während der sougenanntener Rushhour virun 8 Auer net genuch Kapazitéite fir jiddereen, deen dovunner profitéiere wëll, do sinn. Eng Méiglechkeet fir dës Rushhour méi ausenaner ze zéien an domadder méi Plaz fir jiddereen ze schafen ass et, d‘Lycéeën eng Stonn méi spéit, also géint 9 ufänken ze loossen, esou datt di allermeescht Schülerinnen a Schüler réischt no 8 Auer op den Effentlechen Transport ugewisse sinn. Nieft dësem prakteschen Notzen am Effentlechen Transport hätt ee méi spéide Schoulufank bei Lycéesschülerinnen a Schüler awer och nach ee positiven Effekt op hir Leeschtungsfäegkeet, wann een enger ganzer Reih vun Etuden am Ausland Vertraue schenkt. Esou fuerdert beispillsweis d‘„Deutsche Gesellschaft für Schlafforschung und Schlafmedizin“, baséierend op dëse Studien, ee méi spéide Schoulstart fir Jugendlecher.
Les étapes de cette pétition
Signatures électroniques validées: 439
Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire
Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°911, le 08-02-2018 - Nombre de signatures après validation: 439
La période de signature de la pétition publique n°911 est clôturée, le 19-01-2018 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 439
La période de signature de la pétition publique n°911 est prolongée jusqu'au 18-01-2018, le 07-12-2017
Nouvelle date de fin de la période de signature: 18-01-2018
La pétition publique n°911 est ouverte à signature, le 06-12-2017
Déclaration de recevabilité
La pétition publique n°911 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 30-11-2017
Recevabilité: recevable
Date de début de la période de signature: 06-12-2017 à 0h00
Date de fin de la période de signature: 17-01-2018 à 23h59
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°911, le 28-11-2017
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
La pétition publique n°911 est déposée, le 24-11-2017
Intitulé de la pétition: Schülerinnen a Schüler raus aus dem Beruffstraffic! Lycéeën eng Stonn méi spéit ufänke loossen
But de la pétition: D'Lycéeë sollen am ganze Land Moies eng gutt Stonn méi spéit ewéi aktuell ufänken.
Motivation de l'intérêt général de la pétition: Ee vun de gréisste Problemer am Effentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass, datt während der sougenanntener Rushhour virun 8 Auer net genuch Kapazitéite fir jiddereen, deen dovunner profitéiere wëll, do sinn. Eng Méiglechkeet fir dës Rushhour méi ausenaner ze zéien an domadder méi Plaz fir jiddereen ze schafen ass et, d‘Lycéeën eng Stonn méi spéit, also géint 9 ufänken ze loossen, esou datt di allermeescht Schülerinnen a Schüler réischt no 8 Auer op den Effentlechen Transport ugewisse sinn. Nieft dësem prakteschen Notzen am Effentlechen Transport hätt ee méi spéide Schoulufank bei Lycéesschülerinnen a Schüler awer och nach ee positiven Effekt op hir Leeschtungsfäegkeet, wann een enger ganzer Reih vun Etuden am Ausland Vertraue schenkt. Esou fuerdert beispillsweis d‘„Deutsche Gesellschaft für Schlafforschung und Schlafmedizin“, baséierend op dëse Studien, ee méi spéide Schoulstart fir Jugendlecher.