Publique n°2122

Pétitionnaire: Pierrot Joseph Léon Feltgen

ADAPTO - fir eng besser Organisatioun am Sënn vu Leit mat enger Behënnerung ADAPTO - für eine bessere Organisation im Sinne der Personen mit einer Behinderung ADAPTO - pour une meilleure organisation en faveur des personnes avec un handicap

But de la pétition

Den ADAPTO-System soll nees ee Garant vun der Mobilitéit fir Mënsche mat enger Beeinträchtigung ginn. Dëse Service soll net eng Brems oder souguer een Hënnernes, mee ganz au Contraire ee Moyen zur Inklusioun an d'gesellschaftlech Liewe fir Leit mat Mobilitéitsproblemer sinn. Et muss ee Service sinn ob deen ee sech verloosse kann, deen een sëcher a zu deene gefrooten Zäiten vun A ob B bréngt. Eng besser Logistik an eng méi human Handhabung soll et all dëse Kanner a erwuessene Persounen erlaabe nees um Liewe vun eiser Gesellschaft deelhuele loossen. Fir si ass den ADAPTO deen eenzege Wee zu hiren Aktivitéiten.

Motivation de la pétition

Säit September si vill Leit mat enger geeschteger Behënnerung vum aktive Liewen ausgeschloss, well si sech net méi op eng zouverlässeg Aart a Weis op hir Aktivitéiten am Sport, Kultur a soss Fräizäitaktivitéiten deplacéiere kënnen. Grad des Leit brauchen eng Reegelméissegkeet an hirem Liewensoflaf. Transporter déi net oder vill ze spéit kommen, féiert dozou dat d'Elteren an déi betraffe Leit sech net méi sécher fillen an da léiwer doheem bleiwen, wéi ee Risiko anzegoen. D'Chauffeure kennen dacks hir Strécken net, verwiesselen Uertschafte mat Gemengen, kënne meeschtens net mat de Leit déi se transportéiere kommunizéieren. All dat féiert zu enormen Unsecherheeten. Transporteuren aus der jeeweileger Regioun, och wéinst ökologeschen Ursaachen, sollte prioritär agesat ginn, mat Chauffeuren déi och mat dëser speziell Clientel ëmgoen kënnen an si eventuell kennen.

Cette pétition publique n’a pas atteint le seuil de 4.500 signatures. A la demande du pétitionnaire, elle a été transformée en pétition ordinaire. Voir pétition ordinaire.
expiré  20.01.2022
1825 /4.500
41%
signatures enregistrées

Les étapes de cette pétition

Icon process
30.03.2022

Reclassement de la pétition publique, n'ayant pas atteint le seuil de 4500 signatures, en pétition ordinaire n°2122, le 30-03-2022

03.03.2022

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

02.03.2022

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°2122, le 02-03-2022 - Nombre de signatures après validation: 1825

02.03.2022

Signatures papier validées: 137

02.03.2022

Signatures électroniques validées: 1688

21.01.2022

La période de signature de la pétition publique n°2122 est clôturée, le 21-01-2022 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 1688

10.12.2021

La pétition publique n°2122 est ouverte à signature, le 10-12-2021

09.12.2021

Déclaration de recevabilité

09.12.2021

La pétition publique n°2122 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 09-12-2021

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 10-12-2021 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 20-01-2022 à 23h59

08.12.2021

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2122, le 08-12-2021

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

23.11.2021

La pétition publique n°2122 est déposée, le 23-11-2021

Intitulé de la pétition: ADAPTO - fir eng besser Organisatioun am Sënn vu Leit mat enger Behënnerung

ADAPTO - für eine bessere Organisation im Sinne der Personen mit einer Behinderung

ADAPTO - pour une meilleure organisation en faveur des personnes avec un handicap

But de la pétition: Den ADAPTO-System soll nees ee Garant vun der Mobilitéit fir Mënsche mat enger Beeinträchtigung ginn. Dëse Service soll net eng Brems oder souguer een Hënnernes, mee ganz au Contraire ee Moyen zur Inklusioun an d'gesellschaftlech Liewe fir Leit mat Mobilitéitsproblemer sinn. Et muss ee Service sinn ob deen ee sech verloosse kann, deen een sëcher a zu deene gefrooten Zäiten vun A ob B bréngt. Eng besser Logistik an eng méi human Handhabung soll et all dëse Kanner a erwuessene Persounen erlaabe nees um Liewe vun eiser Gesellschaft deelhuele loossen. Fir si ass den ADAPTO deen eenzege Wee zu hiren Aktivitéiten.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Säit September si vill Leit mat enger geeschteger Behënnerung vum aktive Liewen ausgeschloss, well si sech net méi op eng zouverlässeg Aart a Weis op hir Aktivitéiten am Sport, Kultur a soss Fräizäitaktivitéiten deplacéiere kënnen. Grad des Leit brauchen eng Reegelméissegkeet an hirem Liewensoflaf. Transporter déi net oder vill ze spéit kommen, féiert dozou dat d'Elteren an déi betraffe Leit sech net méi sécher fillen an da léiwer doheem bleiwen, wéi ee Risiko anzegoen. D'Chauffeure kennen dacks hir Strécken net, verwiesselen Uertschafte mat Gemengen, kënne meeschtens net mat de Leit déi se transportéiere kommunizéieren. All dat féiert zu enormen Unsecherheeten. Transporteuren aus der jeeweileger Regioun, och wéinst ökologeschen Ursaachen, sollte prioritär agesat ginn, mat Chauffeuren déi och mat dëser speziell Clientel ëmgoen kënnen an si eventuell kennen.