Publique n°2176

Pétitionnaire: Sacha André

Fir een Déierekierfecht zu Lëtzebuerg

But de la pétition

De Respekt vis-à-vis vum Déiere geet iwwert Liewenszäit eraus a muss och am Doud bestoe bleiwen. Zu Lëtzebuerg gëtt et selwer keng Offer en Déier an allen Éieren ze begruewen. Mat engem Déierekierfecht géif et och zu Lëtzebuerg eng Méiglechkeet ginn en Déiere éierevoll a legal ze begruewen an ... plus

Motivation de la pétition

Déiere gehéiere fir vill Mënschen zur Famill. Wann en Déier stierft bleift de Mënsche momentan just d'Anäscherung an d'Urn Heem ze huelen oder de Gang an d'Ausland fir et do op engem Déierekierfecht ze begruewen. En Déierekierfecht ka Mënschen eng immens psychologesch Hellefstellung sinn, ... plus

expiré  03.03.2022
509 /4.500
11%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
23.05.2022

Déclaration de clôture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
18.05.2022

La pétition publique n°2176 est clôturée, le 18-05-2022

Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

31.03.2022

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

30.03.2022

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°2176, le 30-03-2022 - Nombre de signatures après validation: 509

30.03.2022

Signatures électroniques validées: 509

04.03.2022

La période de signature de la pétition publique n°2176 est clôturée, le 04-03-2022 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 509

24.01.2022

Déclaration de recevabilité

21.01.2022

La pétition publique n°2176 est ouverte à signature, le 21-01-2022

19.01.2022

La pétition publique n°2176 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 19-01-2022

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 21-01-2022 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 03-03-2022 à 23h59

19.01.2022

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2176, le 19-01-2022

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

05.01.2022

La pétition publique n°2176 est déposée, le 05-01-2022

Intitulé de la pétition: Fir een Déierekierfecht zu Lëtzebuerg

But de la pétition: De Respekt vis-à-vis vum Déiere geet iwwert Liewenszäit eraus a muss och am Doud bestoe bleiwen. Zu Lëtzebuerg gëtt et selwer keng Offer en Déier an allen Éieren ze begruewen. Mat engem Déierekierfecht géif et och zu Lëtzebuerg eng Méiglechkeet ginn en Déiere éierevoll a legal ze begruewen an eng Plaz fir ze traueren ze hunn.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Déiere gehéiere fir vill Mënschen zur Famill. Wann en Déier stierft bleift de Mënsche momentan just d'Anäscherung an d'Urn Heem ze huelen oder de Gang an d'Ausland fir et do op engem Déierekierfecht ze begruewen. En Déierekierfecht ka Mënschen eng immens psychologesch Hellefstellung sinn, well se en Uert hunn fir ze traueren an se hiert Déier an allen Éieren begruewe kennen. Och bleift di Plaz um Kierfecht als Trauerplaz esoulaang erhalen, wéi een dat well. Zudeem kennen d'Mënschen d'Plaz esou gestalte wéi se wëllen, natierlech am Respekt vu gewësse Reegelen.

 

Den Déierekierfecht zu Tréier oder zu Saarbrécke weisen, dass eng Demande och besteet an en Déierekierfecht genotzt gëtt wann een d'Méiglechkeet huet. Zudeem kënnt d'Schafe vun engem Déierekierfecht verhënneren, dass Déieren egal wou begruewe ginn, och wann dat net legal ass.

 

Mam Déiereschutzgesetz vun 2018 gëtt d'Déier als Liewewiesen unerkannt. D'Schafe vun engem Déierekierfecht wier ganz am Sënn vun deem Gesetz, wëll domadder de Respekt virum Liewewiesen iwwert seng Liewenszäit eraus visibel gëtt.

 

En Déierekierfecht kann och eng flott gestalte Gréngzon schafen, déi fir de Public accessibel ass.