Publique n°2037

Pétitionnaire: Gérard Koneczny

Upassen vun der Vitess-Toleranz bei de Radaren. Erhéijen vu verschiddenen AT'en bei der Vitesse, an aner Verstéiss.

But de la pétition

E méi gerecht Behandelen vu Léit déi esou just géint VitessLimitatioun verstouss hunn Dofir e méi strengt Bestroofen vun Léit déi mengen de "Rambo" missen erauszeloossen. Méi Secherheet op onse Stroossen dofir en Upassen vu Stroofen fir verschidde Kavaléiersdelikter. Méi Secherheet bei ... plus

Motivation de la pétition

Vill zevill Automobilisten bezuelen wéinst engem minimalen Dépasséieren vun der Vitesse ëm 1km 49EUR. Dëst ass zimlech ongerecht. Fir ons Verwaltung ass et egal op dat 1km/h oder 20km/h sinn. Fir ons Verwaltung ass et och egal op dat 21km/h oder 60km/h a méi sinn. Déi "Toleranz" vun 3km/h ... plus

expiré  29.11.2021
288 /4.500
6%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
11.03.2022

Déclaration de clôture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
02.03.2022

La pétition publique n°2037 est clôturée, le 02-03-2022

Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

14.12.2021

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

14.12.2021

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°2037, le 14-12-2021 - Nombre de signatures après validation: 288

14.12.2021

Signatures électroniques validées: 288

30.11.2021

La période de signature de la pétition publique n°2037 est clôturée, le 30-11-2021 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 288

19.10.2021

La pétition publique n°2037 est ouverte à signature, le 19-10-2021

18.10.2021

Déclaration de recevabilité

14.10.2021

La pétition publique n°2037 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 14-10-2021

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 19-10-2021 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 29-11-2021 à 23h59

13.10.2021

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2037, le 13-10-2021

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

05.10.2021

La pétition publique n°2037 est déposée, le 05-10-2021

Intitulé de la pétition: Upassen vun der Vitess-Toleranz bei de Radaren. Erhéijen vu verschiddenen AT'en bei der Vitesse, an aner Verstéiss.

But de la pétition: E méi gerecht Behandelen vu Léit déi esou just géint VitessLimitatioun verstouss hunn

Dofir e méi strengt Bestroofen vun Léit déi mengen de "Rambo" missen erauszeloossen.

Méi Secherheet op onse Stroossen dofir en Upassen vu Stroofen fir verschidde Kavaléiersdelikter.

Méi Secherheet bei onse Schoulen.

 

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Vill zevill Automobilisten bezuelen wéinst engem minimalen Dépasséieren vun der Vitesse ëm 1km 49EUR. Dëst ass zimlech ongerecht. Fir ons Verwaltung ass et egal op dat 1km/h oder 20km/h sinn. Fir ons Verwaltung ass et och egal op dat 21km/h oder 60km/h a méi sinn.

Déi "Toleranz" vun 3km/h ass un sech eng "technesch Ongenauegkeet". Esou eng Ongenauegkeet ass vu villen Saachen ofhängeg.

An onsen Nopeschlänner gëtt et eng Toleranz vun mindestens 5km/h.

Dofir sollt déi Toleranzgrenz op 6 km rop goen. Dat sinn 3 km technesch Toleranz an 3km VerwaltungsToleranz. Am Géigenzuch sollen awer d'Strofen an d'Luucht goen bei esou engem Verstouss.

Fir déi éischt 4km iwwert déi dann "toleréiert" soll et 50EUR kaschten ( ab 56, 76, 96 ).

Fir Verstéiss ab 10km soll et 75EUR kaschten + 1 Punkt bei de Schoulen.

15km "ze schnell" sinn vill bei enger Schoul; dofir sinn 49EUR net genuch.

Fir Verstéiss ab 20km soll et 150EUR kaschten; ab 30km soll et 200EUR sinn.

Fir Verstéiss déi méi grouss sinn wéi 40km soll et 500EUR kaschten.

E Recidive innerhalb vun 3 Méint soll jeeweils dat duebelt kaschten.

Ab 60km doriwwer soll d'Geriicht entscheeden.

D'Ofstellen (Stationnéieren) / d'Unhalen um Trottoir bei Schoulen soll 75EUR kaschten; dëst wëll doduerch ëmmer Kanner an Gefor bruecht ginn. Ganz dacks mussen d'Kanner dann op d'Strooss auswäichen.

D'Vitesse bei Schoulen déi un enger (Haapt)-Strooss léien soll automatesch op 30km/h rofgoen tëscht 07:00 Auer Moies an 19:00 Auer Owes. Souwäit se souwéisou net an enger 30er Zone sinn.

E Camions-Iwwerhuelverbuet op Autobunnen zu gewëssen Zäiten ass jo méiglech, da misst eng Vitessemodulatioun och méiglech sinn.

Bei der Schoul / Gemeng zu Wëntger soll tëscht 07:00 Auer Moies an 19:00 Auer Owes en 50km gëllen. Och wann d'Schoul wäit weg ass, kann sech ëmmer e Kand dohi verlafen. Distanz vun den UertsTafelen mam "50" zu den éischten Haiser soll vun 100m (max) elo op 50 bis 150m gesat ginn. Domat géifen verschidden Awunner méi geschützt ginn.