Publique n°2035

Pétitionnaire: Luc Deitz

Fir ee Referendum iwwert déi nei Verfassung online kënnen ze froen

But de la pétition

Dës Petitioun freet, eng Méiglechkeet anzeféieren, fir eng Referendumsprozedur och iwwert de Wee vun enger Online-Ënnerschrëft kënnen anzeleeden. Si baséiert op dem Artikel 114 vun der aktueller Constitutioun. Auszuch aus dem Artikel 114: « Le texte adopté en première lecture par la ... plus

Motivation de la pétition

D'Constitutioun regelt d'Zesummeliewe vun de Bierger am Land a geet dowéinst all Mensch eppes un. Nëmmen ee Referendum ka garantéieren, dass déi geplangten nei Constitutioun an all hire Punkten och vun enger Majoritéit vun de Bierger matgedroe gëtt. Et ass awer leider esou, dass déi aktuell ... plus

expiré  29.11.2021
1711 /4.500
38%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
11.03.2022

Déclaration de clôture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
02.03.2022

La pétition publique n°2035 est clôturée, le 02-03-2022

Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

14.12.2021

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

14.12.2021

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°2035, le 14-12-2021 - Nombre de signatures après validation: 1711

14.12.2021

Signatures électroniques validées: 1711

30.11.2021

La période de signature de la pétition publique n°2035 est clôturée, le 30-11-2021 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 1711

19.10.2021

La pétition publique n°2035 est ouverte à signature, le 19-10-2021

18.10.2021

Déclaration de recevabilité

14.10.2021

La pétition publique n°2035 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 14-10-2021

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 19-10-2021 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 29-11-2021 à 23h59

13.10.2021

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2035, le 13-10-2021

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

04.10.2021

La pétition publique n°2035 est déposée, le 04-10-2021

Intitulé de la pétition: Fir ee Referendum iwwert déi nei Verfassung online kënnen ze froen

But de la pétition: Dës Petitioun freet, eng Méiglechkeet anzeféieren, fir eng Referendumsprozedur och iwwert de Wee vun enger Online-Ënnerschrëft kënnen anzeleeden.

Si baséiert op dem Artikel 114 vun der aktueller Constitutioun.

Auszuch aus dem Artikel 114:

« Le texte adopté en première lecture par la Chambre des députés est soumis à un référendum, qui se substitue au second vote de la Chambre, si dans les deux mois suivant le premier vote demande en est faite soit par plus d'un quart des membres de la Chambre, soit par vingt-cinq mille électeurs inscrits sur les listes électorales pour les élections législatives. »

Déi « électeurs inscrits sur les listes électorales pour les élections législatives », déi esou e Referendum wéilte froen, sollen dat also virum zweete Vote an der Chamber och op elektroneschem Wee kënne maachen, ouni dass si sech - wéi dat de Moment nach virgesinn ass - perséinlech mussen op hier Gemeng deplacéieren, fir sech do an enger Lëscht anzeschreiwen.

 

Motivation de l'intérêt général de la pétition: D'Constitutioun regelt d'Zesummeliewe vun de Bierger am Land a geet dowéinst all Mensch eppes un. Nëmmen ee Referendum ka garantéieren, dass déi geplangten nei Constitutioun an all hire Punkten och vun enger Majoritéit vun de Bierger matgedroe gëtt.

Et ass awer leider esou, dass déi aktuell Referendumsprozedur nach ëmmer virgesäit, dass déi Leit, déi ee Referendum wéilten ufroen, duerfir selwer musse physesch op eng Gemeng goen, fir do hir Ënnerschrëft op Pabeier ofzeginn.

Dëst ass net nëmmen eng ëmständlech, mee och eng partiell diskriminéierend Prozedur, wann een un déi vill Bierger denkt, deenen et aus verschiddene Grënn (z.B. Mobilitéits- an Altersgrënn, Openthalt am Ausland, Aarbechtszäite vun de Gemengeverwaltungen ...) net oder nëmme ganz schwéier méiglech ass, sech perséinlech op hier Gemeng ze deplacéieren. Si kréie vu vir eraus d'Méiglechkeet geholl, ee Referendum iwwerhaapt ze froen, och wa si dat wéilten.

Nun huet sech souwuel am Kader vun där ugestriefter administrativer Vereinfachung wéi och am Kontext vun där dacks gewënschter méi direkter, partizipativer, bottom-up Demokratie de Moyen vun der elektronescher Ënnerschrëft an de läschte Joeren (z.B. am Kader vun der Ënnerstëtzung vun den ëffentleche Petitiounen an der Chamber) duerchaus bewäert.

Och a villen anere Beräicher encouragéiert d'Regierung d'Bierger dozou, reng administrativ Démarchen ëmmer méi op elektroneschem Wee ze maachen (z.B. iwwer myguichet.lu).

Wëll d'Demande, ee Referendum ze organiséieren, an engem éischte Schrack eng reng administrativ Démarche ass, gëtt et kee gudde Grond, grad bei esou engem wichtegen Thema de Bierger keng Méiglechkeet ze ginn, fir dës Demande online kënnen ze maachen. Au contraire misst all « électeur inscrit », och wann hien de Moment z.B. am Ausland lieft oder sech aus anere Grënn net deplacéiere kann, gläichberechtegt d'Méiglechkeet kréien, seng demokratesch Rechter auszeüben an d'Demande no engem Referendum iwwert d'Verfassung kënnen ze ënnerstëtzen.