Publique n°1841

De Shona Hye Yun Meyer

Prüfungen duerch Portfolioen oder Projeten an den Lycéen (Secondaire) ersetzen.

But de la pétition

Mat dëser Petitioun wellen mir den Educatiounsminister Herr Meisch an d'Enseignanten drop opmierksam maachen, dassen mir Lycées-Schüler Prüfungen duerch beispillsweis Portfolioen ersaat wellen kréien. Dëst géif ons en d'Méiglechkeet ginn amplatz Definitiounen auswenneg léieren, ons mat Portfolioen ze beschäftegen. Domat ginn mer kreativ vill méi Beansprocht an sëtzen ons méi mam Thema auserneen.

Déi aktuell Situatioun ass fir vill Schüler net einfach an den Stress an der Schoul mecht et net besser. Mir Schüler hunn keen sozialt Lierwen méi weder nach Freizeit. Vun moies bis owes sinn mir mat der Schoul beschäftegt, fir déi Saachen déi mer beispillsweis am Homeschooling net matkruuten, nozehuelen. Et ass net logesch oder akzeptabel, Saachen déi mer am Homeschooling gemach hunn mat an d'Prüfungen ze huelen. Vill Schüler kréien net alles doheem mat, well se keng stabil Internetconnectioun oder keen sechert Ëmfeld hunn an dem een sech konzentréieren kann. D'Motivatioun ass zimlech déif an hällt sech net nëmmen akademësch gesin an Grenzen. Mir verpassen een Deel vun onser Jugend, kréien en net erem an falls een dann Freizeit huet, investéiert een déi komplett an d'Schoul. Portfolioen sinn och immens fiirdeelhaft vue que dassen d'Schüler sech dann vill mam Thema auserneen sëtzen mussen an dobei méi léieren wéi wann se nëmmen Définitiounen auswenneg léieren fir se no der Prüfung rem ze vergiessen.

24
jours restants
155
3%
signatures enregistrées
Icon process
02.04.2021

La pétition publique n°1841 est ouverte à signature, le 02-04-2021

02.04.2021

Déclaration de recevabilité

01.04.2021

La pétition publique n°1841 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 01-04-2021

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 02-04-2021 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 13-05-2021 à 23h59

31.03.2021

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1841, le 31-03-2021

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

15.03.2021

La pétition publique n°1841 est déposée, le 15-03-2021

Intitulé de la pétition: Prüfungen duerch Portfolioen oder Projeten an den Lycéen (Secondaire) ersetzen.

But de la pétition: Mat dëser Petitioun wellen mir den Educatiounsminister Herr Meisch an d'Enseignanten drop opmierksam maachen, dassen mir Lycées-Schüler Prüfungen duerch beispillsweis Portfolioen ersaat wellen kréien.

Dëst géif ons en d'Méiglechkeet ginn amplatz Definitiounen auswenneg léieren, ons mat Portfolioen ze beschäftegen. Domat ginn mer kreativ vill méi Beansprocht an sëtzen ons méi mam Thema auserneen.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Déi aktuell Situatioun ass fir vill Schüler net einfach an den Stress an der Schoul mecht et net besser. Mir Schüler hunn keen sozialt Lierwen méi weder nach Freizeit.

Vun moies bis owes sinn mir mat der Schoul beschäftegt, fir déi Saachen déi mer beispillsweis am Homeschooling net matkruuten, nozehuelen.

Et ass net logesch oder akzeptabel, Saachen déi mer am Homeschooling gemach hunn mat an d'Prüfungen ze huelen. Vill Schüler kréien net alles doheem mat, well se keng stabil Internetconnectioun oder keen sechert Ëmfeld hunn an dem een sech konzentréieren kann. D'Motivatioun ass zimlech déif an hällt sech net nëmmen akademësch gesin an Grenzen.

Mir verpassen een Deel vun onser Jugend, kréien en net erem an falls een dann Freizeit huet, investéiert een déi komplett an d'Schoul.

Portfolioen sinn och immens fiirdeelhaft vue que dassen d'Schüler sech dann vill mam Thema auserneen sëtzen mussen an dobei méi léieren wéi wann se nëmmen Définitiounen auswenneg léieren fir se no der Prüfung rem ze vergiessen.