Publique n°1698

Pétitionnaire: Daniel Frères

Eng National Gedenkminutt fir d’Corona-Doudeger

But de la pétition

Eng National Gedenkminutt fir d’Corona-Doudeger zum Joreswiessel den 31.12.20 um 24 hrs - 01.01.2021 Mir wëllen an enger Gedenkminutt um 0:00 de Verstuerwene vun der Covid-19-Pandemie an hiren Hannerbliwwene gedenken. An dëser Gedenkminutt drécke mir eist Matgefill als Persoun, Matbierger.in ... plus

Motivation de la pétition

Begrënnung: D’Coronapandemie huet zu Lëtzebuerg 127 Mënschen d’Liewe kascht. Hannert deenen Zuele stieche Mënsche mat Famillen a Frënn. Aus deem Grond wëlle mer solidaresch si mat eise Matmënschen, déi ëm ee schwéiere Verloscht traueren. Mir wëllen eis Matmënschen, déi eng geléifte Persoun ... plus

expiré  11.12.2020
4975 /4.500
100%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
22.12.2020

Un débat public en commission a eu lieu le 22-12-2020 au sujet de la pétition publique n°1698

18.12.2020

Signatures papier validées: 2355

18.12.2020

Le seuil des 4500 signatures est atteint pour la pétition publique n°1698, le 18-12-2020

18.12.2020

Signatures électroniques validées: 2620

12.12.2020

La période de signature de la pétition publique n°1698 est clôturée, le 12-12-2020 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 2681

31.10.2020

La pétition publique n°1698 est ouverte à signature, le 31-10-2020

30.10.2020

Déclaration de recevabilité

30.10.2020

La pétition publique n°1698 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 30-10-2020

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 31-10-2020 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 11-12-2020 à 23h59

28.10.2020

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1698, le 28-10-2020

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

26.10.2020

La pétition publique n°1698 est déposée, le 26-10-2020

Intitulé de la pétition: Eng National Gedenkminutt fir d’Corona-Doudeger

But de la pétition: Eng National Gedenkminutt fir d’Corona-Doudeger zum Joreswiessel den 31.12.20 um 24 hrs - 01.01.2021 Mir wëllen an enger Gedenkminutt um 0:00 de Verstuerwene vun der Covid-19-Pandemie an hiren Hannerbliwwene gedenken. An dëser Gedenkminutt drécke mir eist Matgefill als Persoun, Matbierger.in an als Natioun, andeems mer ënnert der Rou vun der Nuecht eng Minutt laang de Mënsche gedenken, déi duerch de Coronavirus ëm d’Liewe komm sinn. Fir dësem Joreswiessel vum Matgefill ee würdege Kader ze verschafen, soll een op Freedefeier a Knupperten verzichten.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Begrënnung: D’Coronapandemie huet zu Lëtzebuerg 127 Mënschen d’Liewe kascht. Hannert deenen Zuele stieche Mënsche mat Famillen a Frënn. Aus deem Grond wëlle mer solidaresch si mat eise Matmënschen, déi ëm ee schwéiere Verloscht traueren. Mir wëllen eis Matmënschen, déi eng geléifte Persoun duerch de Coronavirus verluer hunn, an hirer Trauer begleeden an net vergiessen! 127 Corona-Doudeger zu Lëtzebuerg gesinn op den éischte Bléck Mol no enger niddreger Doudeszuel aus a sinn et vläicht och am Verglach mat anere Länner op der Welt. Mee fir et an eng Relatioun ze setzen , dat sinn 6 Mol sou vill Doudeger wéi all Joers op eise Stroossen ëm d’Liewe kommen. Dat sollte mir net ignoréieren. An d’Zuelen tréischten och net déi Mënschen doriwwer ewech, déi eng geléifte Persoun verluer hunn. Mir däerfen nämlech och net vergiessen, datt den Doud duerch de Covid-19 een immens einsamen a schrecklechen Doud ass. Dës Patiente si meeschtens an de Spideeler a Fleegeheemer ouni de Bäistand vun hirer Famill a Frënn gestuerwen, ouni kënnen eng leschte Kéier Äddi ze soen. Dëst ass fir déi Hannerbliwwen eng immens péngvoll Situatioun, déi se psychologesch eng laang Zäit wäert begleeden. Grad dëse Leit wëlle mer eist déift Matgefill ausdrécken. De richtegen Zäitpunkt dofir ass an eisen Aen de Joreswiessel, bei deem mer traditiounsgeméiss op dat vergaangent Joer zeréckkucken an hoffnungsvoll op dat neit Joer blécken. Fir dem Joreswiessel vum Matgefill ee würdege Kader ze verschafen, soll een op Freedefeier a Knupperten verzichten. Dëst huet de Virdeel, dass vill Accidenter, kënne vermidde ginn, wouduerch d’Rettungsdéngschter sech op méi wichteg Fäll konzentréiere kéinten. Des Weideren kënnen sech dës Leit och zu deem Moment un der Gedenkminutt bedeelegen. Gläichzäiteg maache mer eppes Guddes fir d’Ëmwelt an d’Gesondheet, well di enorm Quantiéiten un Dreck evitéiert ginn. Wärend enger Silvesternuecht geet d’Feinstaubbelaaschtung normalerweis ëm dat véierzéchfacht an d’Luucht. Och dat géif an enger roueger Silvesternuecht ewechfalen. Och di negative Wierkung vu Knupperten op Haus- a Wëlldéiere géif doduerch entfalen. Duerch Freedefeier geroden d’Déieren nämlech oft a Panik, Hausdéiere lafe fort, wat zu Accidenter féiere kann. Ee Verbuet vun Freedefeiere ass relativ einfach ëmzesetzen. Esou hunn zum Beispill verschidde Gemengen hei am Land schonns di lescht Joren ee generellt Verbuet fir Freedefeier agefouert, wéi zum Beispill, Esch-sur-Alzette an d’Gemengen, Berdorf, Dudelange, Erpeldange, Fischbach, Hobscheid, Kayl, Kehlen, Leudelange, Redange, Sanem, Schifflange, Steinsel an Réimech.